Radioen

On air

9 bis 1  |  Major Lazer feat. MØ, DJ Snake - Lean On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sonndesfro: CSV weiderhi stäerkste Kraaft - déi gréng nees op Fraktiounsstäerkt

Wann e Sonndeg gewielt géif ginn ...

Sonndesfro: CSV weiderhi stäerkste Kraaft - déi gréng nees op Fraktiounsstäerkt

Wann e Sonndeg Wale wieren, da géif d‘CSV stäerkste Kraaft bleiwen. Dat ass eng Conclusioun vun der neier Sonndesfro vun Ilres an Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Luis Boza.
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Luis Boza.)

Bei der Prozentverdeelung géifen déi eenzel Parteie wuel relativ d'selwecht bleiwen. Anescht bei der Sëtzverdeelung. Do géifen déi gréng 3 Sëtz gewannen an domat nees op Fraktiounsstäerkt kommen.

Am Contraire zur ADR, déi duerch de Verloscht vun engem Sëtz hir Fraktiounsstäerkt géif verléieren.

Weider wier der Ëmfro no eng Dräierkoalitioun tëschent DP, LSAP an déi gréng erëm méiglech.