Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV-DP Regierung ass vereedegt

Nei Regierung

CSV-DP Regierung ass vereedegt

Déi nei CSV-DP-Regierung ass vereedegt. D'Zeremonie war de Moien um zéng Auer an der Salles des fêtes am Palais.

auto_stories

1 min

Foto: Serge Kesseler

Déi 15 Ministeren hu virum Grand-Duc Henri den Eed ofgeluecht, an eng Rei offiziell Dokumenter goufen ënnerschriwwen, dorënner den Arrêté de nommination an den Arrêté d’attribution des compétences ministérielles vun der neier Regierung.

No der Vereedegung huet den neie Premier Luc Frieden dem Staatschef d’Membere vun der neier Regierung kuerz eenzel virgestallt. Zum Schluss gouf déi traditionell Regierungsphoto am Palais gemaach, an de Grand-Duc huet déi 15 Regierungsmemberen op een Eirewäin invitéiert.

Am Laf vum Dag haut sinn an deene verschiddene Ministère 25 Zeremonie fir d’Passation des pouvoirs. Déi éischt war déi am Staatsministère.