Radioen

On air

Soundcheck  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Passation des pouvoirs: Vill Emotiounen um Staatsministère

Regierungswiessel

Passation des pouvoirs: Vill Emotiounen um Staatsministère

No der Vereedegung vun der neier Regierung am Palais, waren am Laf vum Dag 25 Zeremonie fir d’Passation des pouvoirs an deene verschiddene Ministèren. Bei der éischter Zeremonie am Staatsministère, huet de Xavier Bettel (DP) no zéng als Regierungschef dem Personal vum Ministère mat Tréinen an den Aen Äddi gesot.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen play_arrow
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

No der Zeremonie huet de Xavier Bettel (DP) dem neie Premier Luc Frieden (CSV) symbolesch de Schlëssel vum Staatsministère iwwerreecht. Et géif wéi doen am Staatsministère opzehalen, esou de Xavier Bettel. Op där anerer Säit wier hien awer berouegt fir d’Land.

"Datt ech dëse Schlëssel engem ka weider ginn, deen déi selwecht Responsabilitéit, déi selwecht Energie an dee selwechten Interesse huet, datt onst Land weider kënnt an datt et senge Bierger gutt geet, dem Luc Frieden ka weider iwwerreechen."

Luc Frieden: Ausseministère wéi gemoolt fir Xavier Bettel

De Luc Frieden huet betount, de Xavier Bettel hätt d’Pandemie an d’Ukrainkris gutt geréiert. Donieft huet den neie Premier dem DP-Politiker seng gutt Kontakter am Ausland ervir gestrach. Dowéinst géif dem Xavier Bettel seng nei Funktioun als Ausseminister gutt bei hie passen.

"Wéi wa se fir Iech gemoolt wier. Dir schwätzt déi Sproochen, déi een dofir muss kënnen, Dir hutt déi Kontakter, déi Dir behaalt, an Dir wäert déi nach weider ausbauen. An dofir ass et fir mech eigentlech deen idealen Zenario, dat kënne mat Iech zesummen ze maachen."

Äddi mat vill Emotiounen

De Staatsministère wier eng zentral Plaz, esou nach de Xavier Bettel virum Personal. Eng Regierung géif net funktionéieren, wann de Staatsministère net gutt funktionéiert, huet hien ënnerstrach.

"Dir hutt mir elo just ee Buch ginn, wou Fotoen dra sinn, vun deene leschten zéng Joer. Dir verstitt, datt ech mat Emotiounen, well et ass awer Frëndschaft och entstane mat ville vun Iech. An ech wäert Iech vermëssen, mee Merci fir déi gutt Aarbecht."

Éischt Auslandsvisitte gi geplangt

De Luc Frieden plangt iwwerdeems seng éischt Auslandsvisitt bei d’Europäesch Unioun a bei d’NATO op Bréissel ze maachen. Dat huet den neie Premier op Nofro hi gesot. Well Europa fir Lëtzebuerg ganz wichteg wier, wéilt hie fir d’éischt bei de Rotspresident Charles Michel a bei d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen reesen, an, grad an dëse schwéieren Zäiten, esou de Luc Frieden, och bei d’NATO, wann dat praktesch méiglech wier.

Iwwerdeems gouf de ganze schrëftlechen Accord vun der CSV-DP Koalitioun vun de Medie schonn dräi Deeg virum geplangten Datum verëffentlecht. Den neie Premier Luc Frieden hätt zwar gär gehat, deen Accord als éischt der Chamber kënnen ze presentéieren, fënnt et awer trotzdeem "keen Drama", sot hien op Nofro hin.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik