Radioen

On air

Thé Dansant  |  Billy Joel - Piano Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth: Automatesch Upassung un d'Inflatioun "eng Stoussrichtung, an déi ee kéint goen"

Steierbarème

Gilles Roth: Automatesch Upassung un d'Inflatioun "eng Stoussrichtung, an déi ee kéint goen"

De Gesetzesprojet fir de Steierbarème op den 1. Januar 24 ëm zousätzlech annerhallef Indextranchen unzepassen, soll nach dës Woch deposéiert ginn. Dat huet de neie Finanzminister am 100,7-Interview ugekënnegt.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow
Den neie Finanzminister Gilles Roth. (Foto: Jo Diseviscourt)

De Gilles Roth huet och den Engagement vun der Regierung bekräftegt, am Laf vun der Legislaturperiod de véier aneren Tranchen, déi nach opstinn – plus eventuell weideren, déi nach erfalen - an der Steiertabell Rechnung ze droen.

"Wann ee keng Inflatiounsberengegung vun der Steiertabell mécht, mécht een u sech eng verstoppte Steiererhéijung. An dat ass sécher an enger anti-zyklescher Politik kontraproduktiv."

Mee wann een déi Berengegung gemaach huet, wier et dann net dat Einfachst, déi automatesch Upassung un d’Inflatioun nees anzeféieren? Dorop äntfert de Gilles Roth: "Ech mengen, dat wier eng Stoussrichtung, an déi ee kéint goen."

Steierreform bleift een Theema

No der Upassung vun der Steiertabell, der Ëmsetzung vun de kuerzfristege Mesure fir de Wunnengsbau unzekuerbelen am Laf vun den nächste Méint an dem Vott vum Staatsbudget 2024 (virun Ouschteren), wäert den neie Finanzminister sech méi intensiv ëm d’Steierreform bekëmmere kënnen.

Zil ass et, an zwee Joer e Projet virzeleeën, deem säin Häerzstéck eng eenzeg Steierklass fir jidderee gi soll. Dat wëll de Gilles Roth an engem méiglechst breede Konsens hikréien.

"Ech wëll dat mam Parlament zesumme maachen, Partei-iwwergräifend, souwäit dat natierlech vun der Oppositioun acceptéiert gëtt. Firwat? Well een dat net vun engem Dag op deen aneren aféiere kann. Dat muss een also iwwer d’Zäit strecken. Or, ech weess net, ob dës Regierungs-Konstellatioun och nach an enger nächster Legislaturperiod besteet. An dofir ass virgesinn, datt een ee Modell op den Dësch leet – hoffentlech an engem grousse Konsens - deen dann op enger Zäitschinn vu fënnef Joer, a vläicht och doriwwer eraus, komplett kéint ëmgesat ginn."


Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik