Am Zentrum vun der Visitt stoung och d’Thema Resilienz a Preparatioun op méiglech Krisen an Noutfäll. Finnland huet an deem Kontext zanter Joren eng coordinéiert Strategie, déi och d’Zivilgesellschaft staark abënnt – an un där Lëtzebuerg sech wéilt ee Beispill huelen, sou de Luc Frieden.
Luc Frieden: Lëtzebuerg brauch keng Bunkeren
Am Nomëtteg huet déi Lëtzebuerger Delegatioun och ee vu ronn 5500 ënnerierdesche Bunkeren an der finnescher Haaptstad besicht. Hei am Land wier een amgaang d’Noutfall-Strategien ënnert der Leedung vum Haut-Commissariat à la protection nationale HCPN weider auszebauen, fir op allméiglech Krise virbereet ze sinn, sot nach de Luc Frieden virun der Lëtzebuerger Press:
"Ech mengen net, datt mir zu Lëtzebuerg Bunkere wäerte bauen. Dat ass net virgesinn. Mee et ass sécher, datt mer nach méi mussen enk zesumme schaffen. Ech war och de Moien den EU-Zentrum fir Hybrid Gefore besichtegen. A wéi gesot, Dir ginn et all Zorten. Et kann ee Walen influenzéieren iwwert d'Sozial Medien. Et kann een sech an Datenzentren aschläichen. Et kann een Attacken op Datë maachen. Dat hu mer jo och alles scho gesinn. An als Land, dat hu Betriber gesinn. Wat mir hei gefält nach eng Kéier, dat ass, datt de Privatsecteur an den ëffentleche Secteur an d'Populatioun ganz enk matenee schaffen."
Um Dënschdeg de Moien huet de Premier säi finneschen Homolog Petteri Orppo begéint fir ee Gespréich iwwer déi geopolitesch Lag an déi europäesch Kompetitivitéit. Op enger gemeinsamer Pressekonferenz hunn de Luc Frieden an den Petteri Orppo betount, déi politesch a wirtschaftlech Zesummenaarbecht tëschent béide Länner sollt weider ausgebaut ginn. Viséiert si Beräicher wéi Digitaliséierung, erneierbar Energien, mee och Quanten- a Weltraumtechnologie.
Finnland, e Partner mat Gemeinsamkeeten
An enger ëmmer méi komplexer Welt wier et wichteg op Partner ze setzen, mat deenen ee Gemeinsamkeeten hätt, hu béid Politiker ëmmer erëm widderholl.
"Mir hunn eng Situatioun, wou mir Russland hunn, wat, wéi den Här Orppo an der Pressekonferenz gesot huet, e permanente Threat ass, eng permanent Gefor ass, a mir hunn en Amerika, wat eng ganz nei Politik mécht a wat awer traditionell eise stäerksten alignéierten Alliéierte war. A wat entsteet doraus? Mee datt Europa muss sech méi op seng eege Féiss setzen, datt mir mussen eis besser koordinéieren, datt mir musse méi staark ginn an datt mir duerfir respektéiert ginn a e bësse gefäert gi vun deenen aneren. An do wëll ech, datt Lëtzebuerg säi Bäitrag leescht. An duerfir muss een dat mat Länner maache wéi Finnland, déi nämmlecht Wäerter vertrieden."
Um Dënschdeg Mëtteg war dann och eng Entrevue mam President Alexander Stubb virgesinn. Donieft wäert déi Lëtzebuerger Delegatioun den Europäeschen Exzellenz-Zenter fir d'Bekämpfung vun hybride Menacen (The European Centre of Excellence for Countering Hybrid Threats), grad wéi ee vun de ville Sécherheetsbunkeren op der Plaz. Finnland ass een Nopeschland vu Russland a gouf eréischt viru gutt zwee Joer Member vun der NATO ginn.