Radioen

On air

Notturno  |  Slumbergaze - Quiet Horror

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Christian Weis gëtt neie Buergermeeschter

Gemeng Esch

De Christian Weis gëtt neie Buergermeeschter

De 37 Joer alen CSV-Politiker Christian Weis gouf de Moie vum Gemengerot zu Esch-Uelzecht als neie Buergermeeschter designéiert. An der zweetgréisster Stad regéiert eng Dräierkoalitioun vun CSV, DP, an deene Gréngen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

No senger Ernennung duerch de Grand-Duc a senger Vereedegung déi nächst Woch am Inneministère wäert de Christian Weis Nofollger vum Georges Mischo als Escher Buergermeeschter ginn. 

Den Escher Buergermeeschter vu bis elo, de Georges Mischo war viru knapp zwou Wochen als Aarbechts- a Sports-Minister an déi nei CSV-DP-Regierung gewiesselt. Dem Gemengegesetz no ass d’Mandat vum Minister net kompatibel mat deem vum Buergermeeschter. 


An der Sitzung vum Escher Gemengerot huet de Buergermeeschter ff. Pim Knaff vun der DP de Moien erkläert.

"Baséierend um Walresultat vum 11. Juni 2023 an der Koalitioun, déi doraus ervirgaangen ass, fält d’Mandat vum Buergermeeschter (der) CSV zou. Den Zweetgewielten op där Lëscht ass de Christian Weis, deen zënter 2016 Member vum Gemengerot an zënter 2020 Schäffe vun der Stad Esch ass."

17 Membere vum Escher Gemengerot hunn de Moie fir de Christian Weis als Kandidat fir de Buergermeeschterposte gestëmmt an ee Member war dogéint.

"Ech soen Iech Merci fir dat Vertrauen. Ech halen elo keng grouss politesch Ried, mee ech wäert Iech verspriechen net liichtfankeg domat ëmzegoen.
Vertrieder vun der Oppositioun am Escher Gemengerot huet dem zukünftege Buergermeeschter felicitéiert."

Och d'LSAP-Sektioun wënscht dem neie Buergermeeschter all Guddes.

"Am Numm vun der LSAP-Sektioun wënschen ech Iech keng Chance, well dat hei huet näischt mat Chance ze dinn, dat hei huet eppes mat Schaffen ze dinn. An ech wënschen Iech eng glécklech Hand."

Och de lénken Escher Gemengeconseiller Marc Baum schléisst sech deem un.

"Och am Numm vun der Lénker wënschen ech dem Christian Weis eng gutt Händchen. Ech si frou, an hie weess dat och, datt dat bei mär aus vollster Éierlechkeet kënnt, datt hie Buergermeeschter vun der Stad Esch ass. Et kënnt vill op hien duer. An ech hoffen, datt mer och hei am Gemengerot villäicht nach besser zesumme schaffen, wéi mer dat an de leschte sechs Joer gemaach hunn."

Neie Member am Escher Schäfferot gëtt als Nofollger vum Christian Weis de Bruno Cavaleiro vun der CSV, an neie Member am Gemengerot den Dejvid Ramdedovic och vun der CSV.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik