Am Europaparlament muss een Europadeputéierten och Lëtzebuergesch dierfe schwätzen: Där Meenung ass bekanntlech de Fernand Kartheiser vun der ADR.
Den Europadeputéierten hat am Oktober zejoert probéiert, eng Ried op Lëtzebuergesch an der Plenière ze halen. Hie war do ënnerbrach ginn an hat dono eng entspriechend Demande beim Parlament gemaach.
Mee déi huet kaum Chancen op Succès. Dat hunn eis Recherchen erginn. Et schéngt, wéi wann den ADR-Politiker ënner anerem aus den eegene Reien ausgebremst géif ginn.
Zur Demande vum ADR-Politiker leien am Europaparlament zwee Avis-juridiquë vir, déi sech widderspriechen.
Service juridique: Prinzipiell dierf am EU-Parlament eng net offiziell EU-Sprooch geschwat ginn
Den Avis vum Service juridique ass streng vertraulech. En ass op de 17. Mäerz datéiert a läit eis vir. Verkierzt gesot kënnt de juristeschen Déngscht vum Parlament zur follgender Conclusioun:
Prinzipiell erlaben d’EU-Gesetzer et, datt am Europaparlament kéint Lëtzebuergesch geschwat ginn. Déi konkret Demande vum Fernand Kartheiser awer ass deem Avis no net konform mam EU-Recht.
D’Juristen am Parlament baséieren hir Argumentatioun op den Artikel 232 vum EU-Traité . Dee gesteet dem Europaparlament eng gewëss Autonomie, nämlech d’Recht, sech selwer ze organiséieren. Doraus kéint een och d’Recht ofleeden, selwer d’Sproochen ze definéieren, déi am eegenen Haus dierfe geschwat ginn, esou d’Juriste vum Europaparlament.
Op där anerer Säit reegelt den Artikel 342 vum Traité, datt et de Conseil ass, deen “d’Reegele fir d’Sprooche fir d’EU-Institutiounen” determinéiert”. Dat heescht, deen definéiert, wéi eng Sprooch an den EU-Institutiounen eng offiziell EU-Sprooch ass, a wéi eng net.
Dorop huet sech d’Europaparlament bis elo och baséiert: Am interne Reglement ass virgesinn, datt d’Deputéiert sech an enger vun de 24 EU-Sproochen ausdrécke mussen, an hir Aussoen dann an all déi aner 23 Sproochen an a weider Sproochen, déi vum Bureau als noutwenneg ugesi sinn, iwwersat ginn.
Lëtzebuergesch ass bekanntlech keng offiziell EU-Sprooch. Dat heescht: Dat internt Reglement misst geännert ginn, esou de Service juridique a sengem Avis. Dat ass prinzipiell méiglech, et misst awer eng Majoritéit vun de 720 Europadeputéiert dofir stëmmen.
Legal Bedenke géintiwwer der Propos vum Fernand Kartheiser
De Lëtzebuerger ADR-Politiker hat proposéiert, datt een Deputéierten, deen op Lëtzebuergesch schwätzt, den Dolmetscher am Virfeld een Text gëtt, an deem seng Ried an eng vun den offizielle Sproochen iwwersat ass, fir datt si deen Text da virliese kënnen.
Do mellen d’Juriste vum Parlament Bedenken un: Et wier net méiglech fir ze iwwerpreifen, ob dat Geschwate korrekt iwwersat gouf, an och ob den Deputéierten net um Enn eppes anescht gesot huet, wéi do um Blat steet.
Alles an Allem wier deemno deenen aneren Deputéierten am Europaparlament hiert Recht net garantéiert, all Interventioun am Parlament an enger offizieller EU Sproch, déi si verstinn, presentéiert ze kréien.
Zweeten Avis juridique: Just Memberlänner sinn zoustänneg fir EU-Sproocheregimm
Zoustänneg fir d’Demande vum Fernand Kartheiser ass ass am Europaparlament déi parlamentaresch Kommissioun fir konstitutionell Froen. Hire President, de Sven Simon, hat d’Expertis vum Service juridique gefrot, mee war mat där Argumentatioun net averstan. Hien huet huet du selwer een Avis verfaasst, deen eis och virläit.
De Sven Simon ass Jurist. Hien ass Professer fir Vëlker-, Europa-, a Verfassungsrecht op der Uni zu Marburg a kënnt zum Schluss, datt d’EU-Recht kloer seet, datt eleng d’Memberlänner dofir zoustänneg sinn, d’Sproochen ze definéieren, déi an den EU-Institutiounen dierfe benotzt ginn.
Géif d’Parlament sech doriwwer ewechsetzen, kéim dat enger Ännerung vun den Traitéë gläich, argumentéiert den däitschen CDU-Politiker. D’Parlament dierft zwar d’Sproochen eraussichen, an deenen am Haus geschwat dierf ginn, et dierf awer d’Lëscht vun den offiziellen EU-Sproochen net erweideren.
An dee Paragraf am EU-Traité iwwer d’Autonomie géif dem Parlament kengesweegs d’Recht ginn, sech doriwwer ewechzesetzen, heescht et am Text vum Sven Simon, deen eis virläit.
All Demande, fir eng weider Sprooch ze benotzen, misst deemno um Niveau vun de Memberlänner gemaach ginn. Ier Lëtzebuerg keng esou eng Demande mécht, “gesinn ech keng legal Méiglechkeet, d’Reegele vun de Prozedure vum Parlament, esou wéi et den Europadeputéierte Fernand Kartheiser proposéiert, ze änneren”, esou d’Conclusioun vum däitsche Chrëschtdemokrat.
EVP, EKR a Patriote soen Neen zur Kartheiser-Demande
Déi meescht Membere vun der parlamentarescher Kommissioun fir konstitutionell Froe krute bis elo kee vun deenen zwee Avis-juridiquë virgeluecht.
Diskutéiert gouf iwwer déi Pabeieren an enger Sitzung Mëtt Abrëll vun deene Membere vun der Kommissioun, déi speziell fir dat internt Reglement vum Parlament zoustänneg sinn. An deem Gremium ass all Fraktioun vertrueden.
Eisen Informatiounen no hu sech op där Reunioun de Vertrieder vun de Sozialisten, dee vun de Liberalen, deene Lénken an dee vun de Gréngen hannert den éischten Avis gestallt.
“Wir haben der Auffassung des Vorsitzenden widersprochen, dass die einzige Möglichkeit sei, dass Luxemburg Luxemburgisch als offizielle EU-Sprache vorschlägt”, sou den Europadeputéierten Daniel Freund géintiwwer dem radio 100,7. Et wier ee vill méi der Iwwerzeegung gewiescht, datt de Rechtsdéngscht vum Parlament iwwerzeegend argumentéiert, datt d’Plenière vum Parlament decidéiere kann, eng aner Sprooch am Parlament anzeféieren, esou de grénge Politiker, dee bei där Sitzung derbäi war.
D’Majoritéit aus Chrëschtdemokraten an de Vertrieder vu rietsen a rietsextreme Fraktiounen, den “Europäesche Konservativen a Reformer” an den “Patriote fir Europa”, huet dat awer anescht gesinn a sech hannert den Avis vum Sven Simon gestallt.
De Fernand Kartheiser, dee Member vun der EKR-Fraktioun ass, gouf also um Enn vun den eegene Reien net ënnerstëtzt.
Decisioun fält viraussiichtlech e Mëttwoch
Dëse Mëttwoch kënnt d’Kommissioun fir konstitutionell Froen zesummen, an do wäert de President Sven Simon d’Resultat aus där Sitzung vu Mëtt Abrëll presentéieren.
Et ass warscheinlech, datt da festgehale gëtt, datt een der Demande vum Fernand Kartheiser net nokënnt.
Ass domat dat lescht Wuert gefall?
Et gëtt am Europaparlament een Aarbechtsgrupp vum “Büro”, dem ieweschte Gremium am Parlament, iwwer “Sproochen a linguistesch Servicer”.
Deen Aarbechtsgrupp kéint sech och nach mam Sujet befaassen. “Mir kruten doriwwer nach keng offiziell Instruktiounen”, huet et do op eis Nofro geheescht. Déi nächst Sitzung ass Mëtt Juli.
Egal wat do awer géif decidéiert ginn, wier et weiderhin déi konstitutionell Kommissioun vum Parlament, déi zoustänneg dofir ass, eventuell Ännerungen an der Prozedur vum Parlament op de Wee ze bréngen.
Lëtzebuerger Regierung: Keng kloer Ausso bis elo
Enn Oktober zejoert hat de Premier Luc Frieden op enger Pressekonferenz gesot, d’Regierung hätt “aner Prioritéiten”, géif awer “eng Kéier doriwwer schwätzen”. Hie sot och, de Sujet sollt een “op eng nuancéiert Aart a Weis” ugoen.
Ganz ausgeschloss huet d’Regierung et bis elo awer wuel net, eng entspriechend Demande ze maachen, fir datt Lëtzebuergesch als EU-Sprooch unerkannt gëtt. Dat deit eng Äntwert vum Kulturministère un, déi eis e Méindeg erreecht huet.
Déi europäesch Bestëmmunge geséiche vir, datt ee Land, egal wat et op EU-Niveau am Beräich Sprooche wëll maachen, éischtens d'Sprooch an d'Constitutioun aschreift, wat zënter 2023 de Fall ass. Zweetens misst dat Land eng Iwwersetzung vun de véier Haapt-EU-Traitéen an där Sprooch deposéieren, esou de Kulturministère, deen och preziséiert, datt Lëtzebuerg dat nach virum Summer maache wäert.
Dat wieren, esou nach de Ministère a senger schrëftlecher Äntwert op eis Fro, “d'Conditiounen an déi éischt Schrëtt, fir iwwerhaapt eppes an deem Dossier ze ënnerhuelen”.