Dës Kéier hätt Lëtzebuerg eng gutt Nott kritt, resuméieren d'Finanzministerin Yuriko Backes (DP) an d'Justizministerin Sam Tanson (déi Gréng) de neie GAFI-Rapport, eelef Deeg virun de Chamberwalen.
Et wier een haut an engem "anere Film" wéi nom leschte Rapport, betount d'Ministerin Yuriko Backes. Et wier zanter Joren eng Prioritéit vun der Regierung, d’Land konform zu den internationale Standarden ze maachen. Elo wier Lëtzebuerg wäit ewech vun dem Resultat, dat d'Land 2010 krut.
"Deemools ass d’Prozedur effektiv lancéiert ginn, fir Lëtzebuerg op eng sougenannte gro Lëscht ze setzen."
Eng "enorm Evolutioun"
Am neie Rapport wier Lëtzebuerg an der beschter Kategorie vu GAFI-Memberstaaten, déi bewäert goufen. 34 Länner goufen an dësem Zyklus evaluéiert, seet si. Manner wéi een Drëttel dovu wieren an déi Kategorie komm.
De GAFI-Rapport 2023 géif eng "enorm Evolutioun" weisen, déi Lëtzebuerg zënter 2010 gemaach huet, seet d’Ministerin Sam Tanson. Dobäi géif et och ëm déi international Credibilitéit goen.
"Ee schlechte Rapport, hätt een negativen Impakt op déi gesamt Finanzplaz gehat."
Illegal Suen zu Lëtzebuerg net wëllkomm
Bei der Presentatioun vun de Resultater vun der neier GAFI-Bewäertung vu Lëtzebuerg, huet d’Justizministerin ënnerstrach, datt illegal Suen hei am Land net wëllkomm wieren.
"An eis finanziell Institutiounen, Instrumenter an Investissementer ginn net benotzt, fir Fonge vun illegalen Aktivitéiten ze wäschen."
Natierlech stéingen am neie GAFI-Rapport och Recommandatioune fir de System hei am Land nach besser opzestellen, betount d'Sam Tanson. Et géif de politesche Wëlle ginn, de konsequente Kampf géint d’Wäisswäsche vu Suen a géint d’Terrorismusfinanzéierung weiderzeféieren, mat och enger Upassung un nei Risiken op der Finanzplaz.