Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gruff Rhys - "Sadness Sets Me Free"

Album vun der Woch

Gruff Rhys - "Sadness Sets Me Free"

Iwwer 20 Albumen huet de walisesche Museker Gruff Rhys schonn opgeholl. An den 1990er gouf hie mat der Band Super Furry Animals berüümt. Zanter Ufank vun den 2000er ass hie solo ënnerwee a begeeschtert ëmmer erëm mat wonnerschéiner Popmusek, getéint zu gläichen Deeler mat Ironie a Melancholie.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

play_arrow
Foto: Mark James

Eréischt virun engem Joer hat den 53-järege Gruff Rhys de Soundtrack zum Drama “The Almond And The Seahorse” (mat der Charlotte Gainsbourg an der Rebel Wilson an den Haaptrollen) virgestallt. An de 26. Januar leet hie mam Solo-Album “Sadness Sets Me Free” (Rough Trade) no.

Et gi keng kreativ Krisen

No esou enger laanger Karriär an esou ville Verëffentlechunge kéinten engem schonn emol d’Iddien ausgoen, mee de Singer-Songschreiwer a Multiinstrumentalist schéngt keng kreativ Krisen ze kennen. Déi zéng Titelen um neien Album iwwerzeegen duerch agängeg an awer subtil Melodien, mat vill Léift elaboréiert Arrangementer an e waarme Sound.

Opgeholl huet de Gruff Rhys an de Paräisser LaFrette-Studioen. Déi goufen an enger Villa aus dem 19. Joerhonnert goufen, an där et – nieft enger ganz gemittlecher Ariichtung an engem oppene Kamäin – och een Neve-Mëschpult gëtt, sécher mat ee Grond fir den aussergewéinleche Klang. Zesumme mat senger Tourband, dem Osian Gwynedd (Piano), Huw V Williams (Kontrabass) a Kliph Scurlock (Batterie), huet de Gruff Rhys nëmme ganzer dräi Deeg un dëser Plack geschafft.

Ee selbstironesche Plädoyer

Trotzdeem wierkt hei näischt gehetzt oder iwwert de Knéi gebrach: “Sadness Sets Me Free” hëlt sech Zäit, déi meescht Stéck dauere méi wéi fënnef Minutten a wéckelen een a mat opwännege Sträicherarrangementer, liicht ugezerrte Gittarkläng, déi just e bësse glousen, awer ni wéi dinn an den Oueren, an zweete Stëmmen, déi ënner anerem vun der Kate Stables, alias This Is The Kit, assuréiert ginn.

Och dem Gruff Rhys seng Texter sinn derwäert, méi genee gelauschtert ze ginn. “Bad Friend” ass ee selbstironesche Plädoyer op onzouverlässeg Frënn, déi um Enn awer do si wann et zielt (“I’ll have your back for your panic attacks”), a “Celestial Candyfloss” analyséiert eng onglécklech Libesgeschicht, déi un engem Mëssverständnes scheitert: “I said I’m a barista, she heard Barrister”.


Lauschterenplay_arrow

Musek
Nei Musek