Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwer 300 Bomme goufen um alen Athener Flughafen entschäerft

Iwwerreschter aus dem 2. Weltkrich

Iwwer 300 Bomme goufen um alen Athener Flughafen entschäerft

Méi wéi 300 Bommen aus dem Zweete Weltkrich goufen am ale Flughafe vun Athen entschäerft. Si waren an engem ënnerierdesche Raum ënnert dem fréiere Fluchhafe vun der griichescher Haaptstad gelagert a réchit rezent entdeckt ginn.

auto_stories

1 min

Ale Flughafen Athen  | © picture alliance / ANE
Foto: picture alliance / ANE

Wéi et schéngt hat déi däitsch Arméi am Zweete Weltkrich d‘Bomme beim Verloosse vun der Regioun wéinst dem Virstouss vun der rouder Arméi zeréckgelooss.

De Buergermeeschter vun der Regioun betount, datt d‘Awunner Gléck gehat hätten. Iwwer an niewent dem Lager hätten aacht Joerzéngte laang Schoulen, Spillschoulen a Sportanlagen gestaanen. Den Ament entsteet op der Plaz een neie Quartier.

D‘Aarbechte wäerten duerch d‘Decouverte vun de Bommen elo méi komplizéiert ginn.