D’Stëmmung zu Roum ass, villäicht iwwerraschenderweis, net bedréckend. Dat kéint doru leien, datt den Doud vum Poopst François keng grouss Iwwerraschung war. Am Alter vun 88 Joer ass hien um Ouschterméindeg gestuerwen. Dat schonn no engem méi laangen Openthalt am Spidol.
Oppene Sarg
Déi Stëmmung kéint sech de Samschdeg natierlech änneren. Dat ass um Dag vum Begriefnis virdrun nach Trauerfeier op der Péitersplaz am Vatikan. Dat si warscheinlech déi Momenter, wou d'Leit zur Realisatioun kommen, datt et zu engem Enn vun enger Ära fir d'kathoulesch Kierch komm ass.
Dräi Deeg laang hunn d’Leit elo d’Méiglechkeet an de Péitersdoum ze goen, fir den oppene Sarg ze gesinn. Dat ass natierlech och dee Moment vun der Trauer - warscheinlech fir ganz vill Leit - wa si de Kierper vum Poopst François virun eegenen Ae gesinn. Et ass och villäicht e Moment fir vill Katholicken, fir sech Suergen ze maachen iwwert d'Zukunft vun der Kierch.
Grouss Fro: Wien gëtt de neie Poopst?
Elo kënnt et erëm zu deem traditionelle Muechtkampf innerhalb vun der kathoulescher Kierch, iwwert wien dann elo de Chef vun der Kierch wäert ginn. An ob d'kathoulesch Kierch elo éischter an eng konservativ Richtung wäert goen oder an där Richtung wäert bleiwen, an déi de Poopst François si elo gedriwwen huet, also an d'Richtung vun op mannst relative Reformen innerhalb vun der Kierch.
Fir an de Péitersdoum wäert een sech op laang Schlaange musse gefaasst maachen. Umelle muss een sech net: Einfach ustellen heescht et hei.
Onkonventionell Pläng fir d’Begriefnis
A sengem Testament huet de Poopst François kloer fest geluecht, datt d’Begriefnes an der Santa Maria Maggiore Kierch soll sinn. Eng Kierch, déi net am Vatikan ass. Traditionell gëtt de Poopst am Péitersdoum begruewen.
Och de Sarg ass méi bescheiden, wéi bei viregte Peepst. Et heescht, hie wollt och no sengem Doud e kloert Zeeche setzen.