Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Kampf géint illegalen Handel mat Tubak an Alkohol

Douanes- an Acciseverwaltung

Kampf géint illegalen Handel mat Tubak an Alkohol

D‘Douane mellt eng gréisser Saisie vun Alkohols- an Tubaksproduiten.

auto_stories

1 min

Een Deel vun den net konforme Produkter | © Administration des douanes et accises
Een Deel vun den net konforme Produkter (Foto: Administration des douanes et accises)

D’Produkter wieren net konform verpaakt oder versteiert gewiescht.

D’Wuere wieren den 18. Abrëll an dräi Geschäfter an der Stad konfiszéiert ginn, esou d’Administration des douanes et accises.

Et handelt sech ënner anerem ëm 90 Liter Flëssegkeet fir E-Zigaretten, sechs Kilo Nikotinsacheten, fënnef Kilo Tubak fir ze knaen a 37 Liter Alkopops.

D’Verwaltung huet Geldstrofen decidéiert a bal 13.000 Euro u Verbrauchssteier goufen agezunn.