Radioen

On air

Tockcity  |  GARDENS - Talk

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Lëtzebuerg um Radar vu Pro- a Contra-Atomkraaft-Lobby

​​​​​​​REAKTIOUNEN ZU BRÉISSEL

Lëtzebuerg um Radar vu Pro- a Contra-Atomkraaft-Lobby

Déi eng maache sech Suergen, déi aner Hoffnungen: Zu Bréissel gëtt no den Aussoe vum Luc Frieden zur Atomkraaft gespaant op de Grand Duché gekuckt.

auto_stories

4 min

headphones

8 min

Atomkraaftwierk | © picture alliance/dpa | Peter Kneffel play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Peter Kneffel

Virun allem bei de Géigner:inne vun der Atomkraaft war de Grand Duché bis elo ganz gutt ugesinn. De fréieren Energieminister, de Grénge Claude Turmes, ass an deene Kreesser beschtens bekannt. Déi rezent Aussoe vum Luc Frieden um Bord vum EU-Sommet hunn do fir Opreegung gesuergt.

De Luc Frieden hat jo gesot, dës Regierung géif manner ideologesch a méi zukunftsorientéiert un Atomenergie erugoen.

Anti-Atomkraaft-ONGe besuergt: „Il faut absolument que le Luxembourg continue“

"Mir haten eis erwaart, datt déi nei Regierung eng e bësse méi roueg Positioun géif anhuelen, déi rezent Aussoe vum Premier hunn eis do awer liicht beonrouegt. Well Lëtzebuerg ganz vir war an der Koalitioun vun de Memberlänner, déi staark besuergt sinn iwwert déi aktuell Atomenergie an iwwert hir Zukunft“, seet den Thomas Lewis vu CAN, dem Climate Action Network zu Bréissel.

De Grand-Duché war do ee Virreider dee weider gebraucht gëtt, stellt d’Lorelei Limousin vu „Greenpeace Europe“ fest.

“Le Luxemboug jusqu’à maintenant a joué un rôle clé, pour s’opposer au développement du nucléaire en Union Européenne. Il faut aboslument qu’il continue. Car on a besoin que les états membres se mobilisent contre ce lobbying de l’alliance pro-nucléaire en Europe. Parce que le nucléaire n’est pas une solution durable.“

D’Länner mat Atomkraaftwierker wieren an der EU zwar an der Minoritéit, ma si géife sech ëmsou méi staark fir d’Zukunft vum Nucléaire asetzen.

De Message vun den Atomkraaft-Géigner ass kloer. D‘Atomkraaft ass keng Energie vun der Zukunft, an déi EU-Suen gestach sollte ginn.

“All Euro, deen ee fir Nucléaire ausgëtt, gëtt net an erneierbar Energie gestach. Do Stëmmen ze verléieren, ass beonrouegend”, sou den Thomas Lewis.

Atomkraaft-Lobby hofft op méi EU-Suen

Ganz anescht gesäit dat natierlech d’Lobby vun där anerer Säit. D’Vertrieder vun der Atomindustrie krute viru Kuerzem de Réck gestäerkt, vun 12 EU-Länner, déi deen éischten europäeschen Atom-Sommet zu Ostende an der Belsch ofgehalen hunn.

„D’Messagë vum éischten europäeschen Atom-Sommet ware staark a gutt, mir ware ganz frou, iwwert dat wat do geschitt ass“, seet den Andrei Goicea vun “Euronuclear”.

Op dem Sommet hu sech déi 12 Länner et als Zil gesat, de Bäitrag vun der Atomenergie an der EU vun aktuell 100 Gigawatt op 150, also ëm 50 Prozent an d’Luucht ze setzen.

Fir dat ze packen, sou den Andrei Goicea, missten däitlech méi Suen an d’Recherche an an d’Enwécklung investéiert ginn.

Ronn siwe Milliarden Euro wëll d’EU bis 2027 a verschiddene Programmer fir d’Recherche an deem Beräich ausginn. 1,4 Milliarden Euro fléissen an dee vun „Euratom“, der Europäescher Atomgemeinschaft, déi d’zivil Notze vun Atomenergie an d’Fuerschung doriwwer koordinéiert an iwwerwaacht.

Euronuclear: Aussoe vum Luc Frieden sinn „ee gudden Ufank“

De Programm vun Euratom ass ënnerfinanzéiert, seet den Andrei Goicea, deen et och bedauert, datt dee gréissten Deel vun deene Suen an d’Käerfusioun gestach gëtt.

„All d’Reakteren, déi den Ament existéieren, funktionéiere mat d’Kernspaltung - fir d‘Fuerschung an d‘Entwécklung an deem Beräich sinn net genuch Sue virgesinn.“

D’Atomindustrie hofft och op aner EU-Dëppen - doraus mécht de Vertrieder vun Euronuclear keen Heel. Den Andrei Goicea nennt de Fuerschungsprogramm Horizon 2020 zum Beispill, vun deem d’Atomkraaft bis elo net profitéiert. Och beim Fong, deen d’Transition bis bei d’Klimaneutralitéit offiedere soll, dem “Just Transition Fund”, gesäit den Andrei Goicea Potential.

D’Aussoe vum Luc Frieden ginn ausdrécklech begréisst.

„Ech si mer net sécher, wéi vill dat eis hëlleft. Ma, no esou ville Jore wou Lëtzebuerg net nëmmen zeréckhalend ma sech ebe ganz staark géint Atomenergie agesat huet, ass dat doten ee gudden Ufank - drop hinzeweisen, datt Atomenergie net ideologesch sollt ofgeleent ginn.“

Eyes on Luxembourg

Lëtzebuerger am Bléck behalen, wann an Zukunft op EU-Niveau iwwert d’Verdeele vun EU-Suen diskutéiert gëtt, dat hu sech iwwerdeems d’ONGe virgeholl, annoncéiert den Thomas Lewis.

“Ee Positiounswandel wier op alle Fall relevant. Lëtzebuerg war de Leader vun dem klenge Grupp vu Länner, déi sech bei den Ziler an der Finanzéierung fir d’Erneierbar Energie, agesat hunn. Wann do elo e bëssen zeréckgeruddert gëtt, stellt sech d’Fro, wien dee Grupp soll uféieren? Eisträich, Spuenien? Dat ass eng grouss Fro."

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft
Ëmwelt