Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Statec: Frae verdéngen am Duerchschnëtt méi wéi Männer

Dat zweet Joer hannerteneen

Statec: Frae verdéngen am Duerchschnëtt méi wéi Männer

Fraen hunn 2022, fir dat zweet Joer hannerteneen, méi verdéngt ewéi Männer. Si hunn am Schnëtt 0,7 Prozent méi Stonneloun kritt wéi hir männlech Kolleegen, deelt de Statec mat.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / Prostock-studio

2021 war de sougenannten gender pay gap am Grand-Duché eng éischte Kéier zu Gonschte vun de Frae gekippt, iwwregens dat eenzegt Land an der EU, wou dat de Fall ass. Wann een awer den Detail kuckt, da ginn et nach vill Disparitéiten. Bei deem enge Prozent vun de Leit mat den héchste Salairen läit den Ecart mat 27 Prozent largement op der Säit vun de Männer. Wann een d‘Primme fir d‘Joresenn dobäi rechent, komme si och beim Joresgehalt besser ewech ewéi Fraen. Ouni dës Boni leien d‘Salairen awer bal am Equiliber.

Dat wier awer ze relativéieren, seet och d'Nach-Gewerkschaftssekretärin Michelle Cloos vum OGBL an eiser Emissioun Invitée vum Dag. Et géife weider Ënnerscheeder bestoen, besonnesch wann een déi verschidde Secteure kuckt, sou d'Michelle Cloos, déi demnächst Generaldirektesch vun Editpress gëtt.