Radioen

On air

Notturno  |  Jessy Lanza - Don't Leave Me Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ “Wann d'Vernonft schléift ...“

Fräie Mikro

“Wann d'Vernonft schléift ...“

De Versuch, den Himmel op Äerden ze installéieren, huet ëmmer nëmmen d'Häll produzéiert, sou de Karl Popper an „Die offene Gesellschaft und ihre Feinde “ aus dem Joer 1945. A sou e Versuch - ausgeléist um Hannergrond vun der Hybris vun enger Persoun - leeft zënter 2 Joer an der Ukrain, mat Flächebrand am Noen Osten. Dozou e fräie Mikro vum Philosophie-Professer Jean-Luc Thill.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Zwee Joer dono sëtzt de Schock nach ëmmer déif. Doriwwer, datt ee Mënsch duergeet, fir global déi ganz ziviliséiert Welt ze iwwerraschen an ze verletzen. Doriwwer, wéi muechtlos Weltreliounen a G7-Natiounen do stinn an net wëssen, wéi se déi Verbrieche verhënnere kéinten, déi e veriertent Schof am Numm vun der Gerechtegkeet an der Geschicht ausléist. Doriwwer, wéi present déi Gefor vum Krich op der Welt, an Europa – also och hei zu Lëtzebuerg – wierklech ass. Doriwwer, wéi äiskal, skrupellos, minutiéis a rigouréis sou eng Aktioun net nëmme geplangt, mee och nach duerchgezu gëtt. Doriwwer, wat alles geschéie muss, fir datt ee President bereet ass, senger Hybris nozegoe fir an de Geschichtsbicher ze stoen.

Krich oder einfach Terrorismus?

Muss Geschicht sech widderhuelen als self fulfilling prophecy? Jonk Russen, déi matzen am Liewe stinn, fir genau dat Liewen ze loossen am Kampf géint hir eegen Heemecht. Fir sech selwer stierwe se als Helden a fir all déi aner en absurden Doud, am Camus sengem Sënn. Och wann et net gelongen ass fir déi ziviliséiert Welt ze immobilisiéieren, respektiv ze paralyséieren, sou sinn d'Äntwerten - virun allem déi vum Westen, fir d'NATO net ze nennen - en diplomateschen Danz op Eeër, fir net vum Spill mam Feier ze schwätzen.

Virun allem d'Reaktioune vum grosse russesche Bier, dee wuel net domadder gerechent hat, datt souwuel EU, d'USA, d'NATO, wéi och all déi aner mënscherechtsfrëndlech gesënnten Natioune sou solidaresch a radikal dës Offensiv géife verurteelen. A fir déi éischte Kéier net nëmme verurteelen, doriwwer eraus och ganz konkret Sanktioune geholl hunn an huele fir dem Bier den Hunnegkrunn zouzedréinen.

Ass dat, wat mir do gesinn, wierklech Krich, oder Terrorismus op engem ganz aneren Niveau, am Sënn vum Carl von Clausewitz: "De Krich wier just eng Weiderféierung vu Politik mat anere Mëttelen". Ech erënnere bei dëser Geleeënheet un dem Sting säi Welthit "Russians".

"Back to the future"

Virun där Violatioun vun internationale Rechtsprinzipien a Verträg wier d‘Zukunftsperspektiv éischter eng vun "rethink humanity". Haut ass traureg kloer: déi gréisst Investitiounen an der noer Zukunft ginn erëm - diplomatesch ausgedréckt - a Verdeedegung vum Fridden an eis Wäerter gestach. Méi éierlech ass a bleift et awer ze soen, datt Suen an d'Waffenindustrie gestach ginn, woumat déi Fuerschung a Recherche erëm ugekuerbelt gëtt. Gefillt ginn déi weltwäit Bestriewungen no Fridden, Gerechtgekeet a Selbstbestemmung ëm 70 Joer zeréck geworf. "Back to the future" souzesoen.

A wa mir fäerdeg sinn, dann hu mir erëm e Militärdéngscht. Finnland, endlech Member vun der NATO, mécht e Joer duerno zu Bréissel scho Reklamm fir dëst Relikt aus fréieren Zäiten, jiddefalls aus lëtzebuergescher Perspektiv.

Eis Wäerter sinn net geséchert

Wie bis elo iwwerzeegt wier, eis Wäerter wiere geséchert an déi „comfort-zone“ kéint och keen eis méi huelen, dee gouf op en Neits de 7. Oktober 2023 eppes Bessere beléiert. Vläicht muss den Europäer, deen all ze oft wéi eng Mued am Speck lieft, ebe sou vu senger dogmatescher Mëttesrascht erwächt ginn. Änlech wéi beim Goya, wou de Schlof vun der Vernonft bekanntlech Monster ervirbréngt. Wie sech dës Ongeheier net virstelle kann, dee brauch just Biller vun de leschte 6 Méint aus dem Mëttleren Osten ze kucken.

Wa mir eis Wäerter an Idealer net selwer vun Zäit zu Zäit a Fro stellen, da kommen anerer, déi se direkt mat Gewalt wëllen ofschafen. „Das Unbehagen in der Kultur“ ass net nëmmen den Titel vum Freud senger kulturkritischer Schrëft aus dem Joer 1930, mee trëfft och iergendwou den Nerv vun eisem Zäitgeescht. Et soll och drun erënnert ginn, datt de Freud 3 Joer méi spéit eng Aart Fortsetzung geschriwwen hat, mam Titel „Warum Krieg?“.

Lauschterenplay_arrow


Annexe:

De ganze Saz vum Karl Popper (österreichisch-britischer Philosoph, 1902 – 1994) a sengem Buch "Die offene Gesellschaft und ihre Feinde" (1945): „der Versuch, den Himmel auf Erden einzurichten, erzeugt stets die Hölle. Dieser Versuch führt zu Intoleranz, zu religiösen Kriegen und zur Rettung der Seelen durch die Inquisition.“


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.