Key to Classics
Grand Seigneur a Prophet
0 min
Spéitstens no der Hochzäit vum Prënz Charles mat der Lady Di war Toccata aus der 5. Uergelsymphonie vum Charles-Marie Widor weltwäit bekannt. De Widor ass ee vun de Pionéier vun der franséischer Uergelmusek am 19. Joerhonnert. Als jonke Museker huet hie vun den exzellente Relatioune vu sengem Papp mam bedeitenden Uergelbauer Cavaillé-Coll profitéiert. Scho mat 25 Joer war de Widor Organist an der Eglise Saint-Sulpice zu Paräis. Et war allerdéngs am Trocadéro, wou den 19. Oktober 1879 d'Uropféierung vun der 5. Symphonie war.