arrow_back_ios
Key to Classics
Komponisten a Liewensgefor
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
1932 gëtt de Maurice Ravel als Gaascht an engem Taxi bei engem Accident schwéier blesséiert. De Komponist, deen ënner enger liichter Demenz gelidden huet, huet duerno keng Nout méi geschriwwen. 1687 stéisst sech de franséische Barockkomponist Jean-Baptiste Lully den Dirigentestaf an de Fouss a stierft kuerz drop un enger Bluttvergëftung. Eng ganz Partie Komponiste sinn duerch alldeeglech Risiken a Liewensgefor geroden, och de Claudio Monteverdi, deen den 12. Oktober 1613 enger Raiberband an d'Gräpp fält.
Musek