Key to Classics
Indianer an Indianisten
12 min
Dem Antonin Dvorak seng 9. Symphonie - "Aus der Neuen Welt" - ass sonner Zweiwel déi éischt Kompositioun, déi genannt gëtt, wann et ëm klassesch Musek aus den USA geet. 1890 war den Dvorak Direkter vum Conservatoire zu New York genannt ginn an huet natierlech säi ganze béimesche musikalesche Bagage mat an d'USA geholl. Déi Säit vum Atlantik huet sech an deene Jore lues a lues eng eegestänneg Musekszeen entwéckelt mat Komponisten, déi bis elo ëmmer an Europa studéiert haten. Déi amerikanesch Musek fänkt u sech vun der europäescher Traditioun ze emanzipéieren an hir eege Sprooch ze fannen.