Key to Classics
/ "Es gibt keine Kunst, welche so bald und so viele Formen verbraucht wie die Musik"
"Es gibt keine Kunst, welche so bald und so viele Formen verbraucht wie die Musik"
11 min
"Es gehört zu meinen Pflichten/Schönes zu vernichten als Musikkritiker"...", heescht et am Georg Kreisler sengem Chanson "Der Musikkritiker" - eng batter-ironesch Vue op Mënschen, déi Karriär kënne maachen awer och Karriären zerstéieren. Ee vun deene besonnesch strengen a radikale Kritiker am 19. Joerhonnert war den Eduard Hanslick, dee spéider och Professer fir Ästheetik a Museksgeschicht war. An England war et den Ernest Newman, dee mat senger kritescher Fieder awer och senge ville Publikatiounen iwwer Komponisten d'Interpretatiounsgeschicht wesentlech markéiert huet. Ëm d'Geschicht an d'Roll vun der Musekskritik mam Joachim Fontaine.