arrow_back_ios
Key to Classics
Katastrophen
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
Eng Partie Wierker, déi haut zu de grousse Partiture vun der klassescher Musek zielen, hate bei hirer Première kee Succès, a munchereen huet sécher geduecht, déi Kompositioun verschwënnt an der Poubelle. D'Uropféierung vum Serge Rachmaninow senger éischter Symphonie war e Fiasko, well den Dirigent anscheinend voll war. Bei der Kreatioun vum Ravel sengem "Boléro" hunn d'Leit d'Hänn iwwer dem Kapp zesummegeschloen, eng Damm huet de Komponist fir verréckt gehalen.
Musek