Key to Classics
Deen éischte literaresche Cabaret
13 min
"Überbrettl" als Uspillung op dem Nietzsche säin "Übermensch" - schonn den Numm vum Projet huet e kabarettisteschen Touch. De Schrëftsteller a Philosoph Ernst von Wolzogen hat eng gutt Nues, wéi hien den 18. Januar 1901 säi literaresche Cabaret zu Berlin opgemaach huet. Et war eng Zäit, wou d'Literatur besonnesch sozialkritesch war, an déi kleng Bün war de perfekte Forum fir déi jonk Schrëftstellergeneratioun. Allerdéngs war de Wolzogen kee Geschäftsmann a säin "Überbrettl" war schëtzeg faillite. Ëmmerhin haten en etlech Komponisten hir Plaz an där neier Cabaretszeen fonnt.