Key to Classics
"Voll frischer Ideen, gelehrt und Mensch mit Herz ..."
12 min
De Charles Valentin Alkan ass de Prototyp vum Pianosvirtuos am 19. Joerhonnert. Seng Technik um Instrument war grad esou exzentresch wéi säi Liewen a seng Perséinlechkeet. Ähnlech wéi de Franz Liszt an de Frédéric Chopin huet den Alkan déi musikalesch Salonen zu Paräis begeeschtert - an dat obschonns en dat ganzt gesellschaftlecht Gedeessems gehaasst huet. Mat 25 Joer zitt den Alkan sech aus der Ëffentlechkeet zeréck. De Pianist a Komponist stierft den 29. Mäerz 1888.