Key to Classics
Enn an Neiufank
12 min
Wéi d'Biller sech gläichen: An deene leschte Wochen an Deeg gesäit een ëmmer nees ukrainesch Ensembelen an Orchesteren, déi an den zerbommte Stied e Concert spillen, éier d'Sireene vum Fligeralarm d'Musek nees doudpäifen. Bommenalarm gouf et am Abrëll 1945 permanent zu Berlin. Den 12. Abrëll hunn d'Berliner Philharmoniker hire leschte Concert gespillt, éier et fir den Orchester nom Zweete Weltkrich een Neiufank gouf an och d'Opschaffe vun der eegener Geschicht wärend dem Nazi-Regimm.