Key to Classics
"Sonata mulattica ..."
12 min
"Sonata per uno mulaticco lunattico", dat notéiert de Ludwig van Beethoven op d'Partitur vun enger Sonate , déi en fir de Geiist George Bridgetower geschriwwen hat. Haut ass d'Wierk als Kreutzer-Sonate bekannt. Dem George Bridgetower säi Papp hat karibesch Originnen, an de Familljennumm hunn se vun der Haaptstad vu Barbados, vu Bridgetower. Am 18. an 19. Joerhonnert presentéiere sech ëmmer nees Museker mat afrikanesche Wuerzelen op der europäescher Musekszeen, wéi och de franséische Geiist Joseph Bologne, Chevalier de Saint-Georges, deen op Guadeloupe gebuer gouf.