Key to Classics
"Vers la vie nouvelle ..."
13 min
Sie waren allebéid vu Kandsbeen un voll mat musikaleschem Talent: d'Schwësteren Nadia a Lili Boulanger. Hire musikalesche Parcours war quasi identesch. D'Nadia an d'Lili Boulanger ware scho ganz fréi um Conservatoire de Paris ageschriwwen an haten am Gabriel Fauré ee grousse Förderer. Iwwerdeems d'Lili Boulanger net bei beschter Gesondheet war a schonn am Alter vu 24 Joer stierft, iwwerlieft d'Nadia Boulanger hir jénger Schwëster ëm 61 Joer an huet 91 Joer bei hirem Doud am Joer 1979.