Am Fong
EPSA-App - ee Klick, méi Beweegung
55 min
Wéi motivéiert ee Kanner a Jonker sech méi ze beweegen a Spaass um Sport ze fannen? Zemol wa gewosst ass, datt vill Jonker sech net genuch beweegen.
D'Ecole Privée Sainte Anne (EPSA) huet d'Äntwert a Form vun enger Applikatioun fonnt. Eng schoulintern App. Ugefaangen huet alles, wéi d'Sportenseignante Stéphanie Reiter hire Schülerinnen d'Fro gestallt huet, ob si déi vun der Weltgesondheetsorganisatioun recommandéiert 10.000 Schrëtt den Dag géife maachen. D'Äntwert war erschreckend, an d'Ausmooss vum Manktem u Beweegung ganz kloer.
Am Kader vun der Beweegter Schoul soll dës innovativ Solutioun Schülerinnen an Enseignantë Loscht op Sport maachen. D'Zil ass, datt jiddweree sech an der Fräizäit méi beweegt. Fir datt d'Motivatioun erhale bleift, kann een iwwer verschidden Challengen an diverse Sportaarte wéi zum Beispill Lafen, Vëlofueren oder Spadséieren, Medailen a Punkte gewannen.
Wéi genee fonctionéiert d'App? Wat ass d'Konzept vun der Beweegter Schoul? Wat sinn d'Reaktioune vun der Schülerinnen?
D'Emissioun Am Fong geet deene Froen op de Fong. Invitéeë beim Natasha Ehrmann sinn d'Stéphanie Reiter, Sportsenseignante an der Ecole Privée Sainte Anne (EPSA) an d'Joana Lourenco, Schülerin vun enger 2e.
Episoden
Repairs For Future
De Michel Heftrich mécht mat sengem E-Vëlo Statioun an der Emissioun Am Fong.
Insekten zielen: "Méi wéi Beien! Ziel mat!"
Invitée ass d'Biologin Lieke Mevis, déi och Beroderin bei Natur an Ëmwelt ass. Si erkläert wéi a wisou d'Insekten-Aarte gezielt ginn.
![De Musekssecteur organiséiert sech](/legacy/images/14152/image-thumb__14152__base_thumbnail/Invit%C3%A9%C3%ABn%20Am%20Fong%2013.490d6b6f.jpg)
De Musekssecteur organiséiert sech
Concertssäll, Festivallen, Interpreten, Createuren, an aner Museksberuffer di sech zesummen. Am Virfeld vun den Nationalwale stelle si hir Revendicatiounen un d'Politik.
![Gemengewalen 2023](/legacy/images/14011/image-thumb__14011__base_thumbnail/Walowend%20mam%20Jean-Claude%20Franck%20a%20Maurice%20Molitor.3be76996.jpg)
Gemengewalen 2023
De Jean-Claude Franck a Maurice Molitor analyséieren d'Resultater vun de Gemengewalen 2023.
Hännwäsche rett Liewen
Invitéeë sinn zwou Infirmièren: d'Tina Koch, Infirmière an der Psychiatrie, der Infektiounspreventioun an -kontroll an d'Françoise Schmitt, Infirmière an der Infektiouns-Preventioun.
Energiemonitoring mat Smart Homes Do it yourself
Den Olivier Koos an de Lynn Bayer sinn zwee Experten am Beräich Do it yourself Smart Homes an Home Assistants.
Live vum Stater Maart
Kuerz virun de Gemengewale schwätze mir mat Interessevertrieder aus der Stad. Zu Wuert komme Vertrieder aus verschidde Quartieren, ProVelo an de Stater Geschäftsverband.
![Geschwëster: "Déi längste Bezéiung, déi mir hunn"](/legacy/images/14194/image-thumb__14194__base_thumbnail/Nora%20Van%20Daele.e3919c9f.jpg)
Geschwëster: "Déi längste Bezéiung, déi mir hunn"
D'Bezéiung ënner Geschwëster ass eng ganz besonnesch, seet d'Nora Van Daele vun der Eltereschoul. Mat Geschwëster léiert ee streiden a sech nees verdroen.
Fukushima: 12 Joer noom Supergau
Als Delegatiounsmember fir Transparenz an Informatioun iwwer nuklear Sécherheet war den Atom Expert, Roger Spautz a Japan, a verzielt wat hien do gesinn huet.
Spezialemissioun vun Iechternach
Historesches, live aus der eelster Stad vum Land. Gespréicher iwwer d'Sprangpressessioun, d'Ausgruewungen ënner der Petite Marquise an iwwer de Park vun der Abtei.
Live vun Esch: Wat bléift vum Kulturjoer 2022 ?
Mir diskutéieren op der Escher Brillplaz mam Artist Serge Ecker, dem artisteschen Direkter vun der Escher Konschthal, Christian Mosar, a mam Escher Kulturschäffen Pim Knaff.
ALAN - am Asaz fir maladies rares
Zwou Invitéeën sinn de Mueren am Studio. Déi nei ALAN Presidentin Anja di Bartolomeo an d'Hannah Hommel, déi mat enger rarer Krankheet lieft.
Liewensmëttel Allergien: Wann iesse krank mécht
Zwou Fuerscherinnen aus dem Luxembourg Institute of Health, LIH: Dr Annette Kühn an Dr Christiane Hilger
![Den historeschen an industrielle Patrimoine vun der Stad Esch](/legacy/images/12526/image-thumb__12526__base_thumbnail/Yannick%20Kieffer.f6060792.jpg)