Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Am Fong

100komma7.lu / Am Fong

/ Wunnen op klengem Raum

Wunnen op klengem Raum

headphones

54 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Nickie Lippert ass Presidentin vun der Asbl "Tiny House Community" a wunnt zënter September 2021 mat hirer klenger Famill an engem Tiny House.

Wéi eng Reglementatioune ginn et den Ament, wann een sech decidéiert esou ze wunnen? Wat bedeit et op klengem Raum ze liewen a kann et Drock ewech huelen sech vun onnéidegem Ballast ze trennen?

Et wier e bewosste Choix gewiescht, net well si sech näischt anescht kënne leeschten, mee well si sech näischt anescht wëlle leeschten. Laangfristeg wäert et net funktionéieren, wann net den eegene Wëllen do wier sech ze minimaliséieren, seet d'Presidentin vun der Asbl "Tiny House Community".

D'Wunnen an Tiny Haiser wier och net d'Léisung fir d'Logementsproblematik, et wier just eng alternativ Wunnform, déi et ze ënnerstëtze gëllt, esou d'Nickie Lippert. Fir déi ze léise misst "u ganz anere Schrauwe gedréint ginn an dee Raum abordabel gemaach ginn, deen iergendwéi schonn do ass an och déi Gréisst, déi d'Leit gewinnt sinn an déi een de Leit virgelieft huet".

D'Tessy Steffen Koenig féiert duerch d'Gespréich.

Politik a Gesellschaft

Episoden

Konsumenteschutz - Am Déngscht vum Verbraucher

Invité ass de Pascal Koehnen, Responsabele vum Service contentieux vun der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC).
headphones

55 min

play_arrow

Jonk BAD

Invitée am Studio ass d'Lucie Gärtner, d'Presidentin vun der ASBL, déi Bibliothéikswiesen-, Archivistik- an Dokumentatiouns-Studenten a -Studentinne vertrieden.
headphones

55 min

play_arrow

Tabu: Suicide bei Jonken - Wann d'Séil wéideet

Invitéë sinn d'Psychologe Fränz d'Onghia vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale an de Jean-Marc Wagner vum Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires CePAS.
headphones

55 min

play_arrow

Seismologie: Wann d'Äerd ziddert

Invité am Studio ass den Adrien Oth. Hien ass Geophysiker, Fuerscher a wëssenschaftlechen Direkter vum Europäeschen Zenter fir Geodynamik a Seismologie (ECGS).
headphones

55 min

play_arrow

Emergency.lu - Technologie am Asaz fir humanitär Hëllef

Mam Max Lamesch, dem Direkter adjoint am Kooperatiounsministère geet rieds iwwer d'Kommunikatiounsplattform, déi am Kader vun der internationaler Katastrophenhëllef agesat gëtt.
headphones

56 min

play_arrow

Totalitarismus zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich

Mam Historiker Jérôme Courtroy geet rieds iwwer d'NS-Organisatiounen zu Lëtzebuerg an d'Buch "Im Griff des Nationalsozialismus".
headphones

55 min

play_arrow
Schlof bei Kanner

Schlof bei Kanner

Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.
headphones

55 min

play_arrow

Fürerschäin - Theorie a Praxis

Invitée: Sam Hau, Member vum Comité vun der Fédération des maîtres instructeurs de conducteurs de véhicules automobiles (FMI) a Fernand Mayer, President vum Farschoulverband.
headphones

54 min

play_arrow

Safer Internet Day - D'Gefor lauert ee Klick ewech am Fong

De 7. Februar ass de Safer Internet Day (SID). Fir doriwwer ze informéiere sinn d'Deborah Plain an de Jeff Kaufmann vu Bee Secure am Studio.
headphones

55 min

play_arrow

"Um Ball - 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg"

Invitéeën sinn d'Tessy Troes, Realisatrice vum Documentaire an d'Sarah Muller, Soziolinguistin.
headphones

55 min

play_arrow

Blutt spenden - Mënschen hëllefen

Invitée ass d'Dokter Andrée Heinricy, Responsabel Departement Prise de Sang bei de Croix-Rouge.
headphones

55 min

play_arrow
Neurodegenerativ Krankheeten

Neurodegenerativ Krankheeten

Den Neurolog, Fuerscher a Professer fir Neurosciencen Prof. Dr. Rejko Krüger ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Accessibilitéitsgesetz: méi Barrièrefräiheet

Invité ass de Sascha Lang, dee mam Direkter vum nationale Kompetenzzenter fir d'Accessibilitéit (Adapth), Fabiano Munisso, geschwat huet.
headphones

55 min

play_arrow

EPSA-App - ee Klick, méi Beweegung

Invitéeën am Studio sinn d'Stéphanie Reiter, Sportenseignante an der Ecole Privée Sainte Anne (EPSA), an d'Joana Lourenco, Schülerin vun enger 2e.
headphones

55 min

play_arrow

Wien huet Angscht virum béise Wollef?

Den Invité Dr. Laurent Schley ass Biolog an Direkter adjoint bei der Naturverwaltung a beschäftegt sech zanter Jore mat der Ausbreedung vum Wollef.
headphones

56 min

play_arrow

Meteo 2022 - d'Joer vun de Rekorder

Mam Lucas Mathias, Meteorolog beim nationale Wiederdéngscht MeteoLux, e Bléck an e Bilan vum Joer 2022
headphones

55 min

play_arrow
Eng Schoul, déi baussen de véier Wänn erlieft gëtt

Eng Schoul, déi baussen de véier Wänn erlieft gëtt

"Eng dräidimensional Schoul", dat heescht mat alle Sënner ze léieren. Doriwwer geet rieds mam Naturpedagog, fréieren Enseignant a Papp Pit Mischo.
headphones

56 min

play_arrow

Kriibs a Sexualitéit - en duebelen Tabu

Invitée ass déi Responsabel vum Departement Psychosocial vun der Fondation Cancer, d'Martine Risch. Si ass Psychologin a Psychotherapeutin.
headphones

55 min

play_arrow

Naturbaustoffer - Bauen an Dämmen mat Stréi oder Leem

Invité ass de Marc Neu, hien ass op Naturbaustoffer spezialiséiert a baut mat Stréi a Leem.
headphones

56 min

play_arrow
Formatioun Multiplicateuren: Fir d'Gemengewale sensibiliséieren

Formatioun Multiplicateuren: Fir d'Gemengewale sensibiliséieren

Invité ass de Sylvain Besch vum CEFIS, dem Centre d'Etude et de Formation Interculturelles et Sociales, ASBL. Hien ass Chargé d'études et de formation.
headphones

55 min

play_arrow