Am Fong
Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
54 min
![on the headlines](/legacy/images/16024/image-thumb__16024__base_thumbnail/Sarah%20Muller%20Alex%20Gillander.6f2bb169.jpg)
Wie sech zu Lëtzebuerg beweegt oder am Grand-Duché wunnt, huet mat de Lëtzebuerger Sproochen ze dinn. All Dag si mir mat hinne konfrontéiert, ob an de Messagen, déi mir eis schreiwen, de Stroosseschëlter oder einfach a Gespréicher mat anere Persounen.
"Lëtzebuerger Sprooch(en)", esou heescht d'Ausstellung vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, déi den 29. Juni 2023 an der Abtei Neimënster presentéiert gouf. Vum 12. Juli u gëtt si am Shopping Center zu Bartreng presentéiert an ass da fir de breede Publikum zougänglech.
D'Soziolinguistin Dr. Sarah Muller an de Linguist Alex Gillander vum ZLS erzielen iwwer d'Entsteeung vun der Ausstellung, d'Interaktivitéit an zukünfteg Projeten.
Episoden
Iessstéierungen - Wann Iessen eng Obsessioun ass déi quäält
Invitéeë sinn d'Claudia de Boer, Psychotherapeutin, an d'Nora Schleich, déi eng Table Ronde zum Theema leet a selwer vun Anorexie betraff war.
![Liewe mat Problemer mam Gehéier](/legacy/images/4651/image-thumb__4651__base_thumbnail/Sabrina%20Coll%C3%A9.71ccd542.jpg)
Liewe mat Problemer mam Gehéier
Invitée ass d'Sabrina Collé, Chargé de Direction vun der ASBL Hörgeschädigten Beratung
![Ee Joer am Lëtzebuerger Online Dictionnaire - lod.lu](/legacy/images/4546/image-thumb__4546__base_thumbnail/Alexandre%20Ecker.3b4f4024.jpg)
Ee Joer am Lëtzebuerger Online Dictionnaire - lod.lu
Den Alexandre Ecker vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) mécht de Bilan vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire.
Stroum a Gas
No der Stroumpann leschte Weekend am Norde vum Land: Erklärunge vum Marc Meyer, Head of Asset Service, an Alex Michels, Head of Asset Management, allebéid vu Creos.
Centre Formida
E Bildungsuert fir Jonker mat prekäre Bildungsbiographien. Invitéë sinn d'Viviane Hansen, Chargée de direction vun der Arcus ASBL, a Begleedung vum Laura, Theo a Sven.
Eurosonic 2023
En Ausbléck op d'Lëtzebuerger Participatioun um gréissten europäesche Showcase Festival am hollännesche Groningen, wou dëst Joer eng 350 Acts wäerten optrieden.
Vum Mann zum Papp
D'Gebuert vun engem Kand verännert alles. Mam Psycholog Jean Fischbach geet Rieds iwwer d'Roll vum Papp.
Gutt Virsätz: Neistart oder Selbsttäuschung?
Mam Psycholog Sacha Bachim geet rieds iwwer d'Bedeitung vu gudde Virsätz um psychologesche Plang,
Schlechte Schüler - Net vu schlechten Elteren
Déi sechst Episod vun der Podcast Serie
Inklusioun - Aktiounsplang 2.0
De Sascha Lang ass Invité mam Tëscherapport vum Aktiounsplang 2.0.
![CGDIS sicht Fräiwëlleger fir de Groupe de Sauvetage Aquatique](/legacy/images/63622/image-thumb__63622__base_thumbnail/J%C3%A9rome%20Gloden.b9c41dbe.jpg)
CGDIS sicht Fräiwëlleger fir de Groupe de Sauvetage Aquatique
De GSAQ gëtt ëmmer da geruff, wann et zu Pompjeesasätz am Waasser kënnt. Invité ass de Chef de Groupe adjoint, de Lieutenant Jérôme Gloden.
![Jugendlechen eng Perspektiv ginn](/legacy/images/63523/image-thumb__63523__base_thumbnail/Invit%C3%A9%20TSK.b53d5b1a.jpg)
Jugendlechen eng Perspektiv ginn
... an hiert Potenzial ausschaffen, dat ass d'Aufgab vu Youth + Work. Virdru steet awer d'Vertrauen an d'Gefill nogelauschtert ze kréien. Invité ass de Coach Robert Theissen.
Erkältung, Gripp, Covid an RS
Invité ass den Dr. Jean-Marc Weber. Mam Generalist schwätze mir iwwer d'Erkältungszäit.
![Podcast: Schlechte Schüler](/legacy/images/84823/image-thumb__84823__base_thumbnail/Alain%20Massen%282%29.d35ad9a7.jpg)
Podcast: Schlechte Schüler
Kann d'Schoul an den deiere Gemenge ronderëm d'Stad Lëtzebuerg bleiwen, wéi se ass? Ëm déi Fro geet et an der fënnefter Episod vun eiser Podcast-Serie.
SOS Détresse - Hëllef iwwer Telefon an online
Deen anonymme Berodungsdéngscht hëlleft iwwer Telefon an online all Persoun, déi an Nout ass. D'Jessica Levy ass Psychologin an erkläert d'Aarbecht.
100 Joer Radio
Et ass dee séiersten, intiimsten a schéinste Medium. Haut feiere mir de Radio!
![Kanner, déi net bei hirer Gebuertsfamill kënne liewen](/legacy/images/8320/image-thumb__8320__base_thumbnail/Chantal%20Feltgen.9258b285.jpg)
Kanner, déi net bei hirer Gebuertsfamill kënne liewen
Wat mécht dat mat de Kanner a wéi kënne Professioneller hëllefen, si ze ënnerstëtzen? Dat froe mir d'Psychologin a Psychotherapeutin Chantal Feltgen.
![Sproocherkennung op Lëtzebuergesch](/legacy/images/62668/image-thumb__62668__base_thumbnail/Sven%20Collette.8771c334.jpg)
Sproocherkennung op Lëtzebuergesch
De Sven Collette vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch iwwer déi nei Sproocherkennungs-App, déi eng automatesch Transkriptioun vu geschwatem Lëtzebuergeschen erméiglecht.
![Podcast: Schlechte Schüler](/legacy/images/62299/image-thumb__62299__base_thumbnail/Marc%20Schmidt.7c9d4ef2.jpg)