Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass Leitkultur?

Prisma

Wat ass Leitkultur?

Dëse Mount geet et hei um 100,7 ëm Mainstream an ëm Subkulturen. An deem Kontext kann een och d'Fro vun der Leitkultur stellen. Dat Wuert gëtt gäre mëssverstanen an als Instrument vun der Zwangsupassung vu Migranten ugesinn. Dobäi sollt et eigentlech fir vereinfacht Inklusioun suergen.

auto_stories

6 min

De Begrëff Leitkultur ass an den 1990er vum däitsche Politolog Bassam Tibi ageféiert ginn. Hie wollt domat dem Wäerte-Komplex, deen hei an Europa dominant ass, en Numm ginn, fir der Diskussioun iwwer Multikulturalismus an Integratioun eng aner Perspektiv ze ginn.

Wéi esou dacks ass de Begrëff awer iwwer säin Erfanner erausgewuess, respektiv gouf en anescht gebraucht, wéi en ursprénglech gemengt war. Den urspréngleche Sënn war et, eppes ze beschreiwen, wat eis Kultur hei am Westen ausmécht, dat heescht zum Beispill de Primat vun der Vernonft iwwer d'Relioun, oder d'Demokratie, oder Trennung vu Relioun a Politik, oder Toleranz, an esou weider. Kuerz, déi Saachen, mat deenen een déi europäesch Moderne kann zesummefaassen.

D'Iddi vun enger Leitkultur gouf deemools ageféiert, well den däitsche Politolog Bassam Tibi gemengt huet, et wier besser, wa mir eng Gesellschaft hätten, an där verschidde Kulture géife ronderëm engem gemeinsamen Ensembel vu Wäerter koexistéieren an duerch e Wäertekonsens géifen an déi selwecht Richtung schaffen. Dat wier wéi gesot besser, wéi datt mir eng multikulturell Gesellschaft hätten. Kulturpluralismus oder Multikulturalismus? Wat ass elo wat?

Multikulturalismus, Kulturpluralismus?

Kulturpluralismus huet een, wann een an enger Gesellschaft oder an engem Kulturberäich, wéi zum Beispill Europa, eng Pluralitéit vu Kulturen huet, déi dynamesch mateneen interagéieren, an déi duerch gemeinsam Wäerter verbonne sinn. Wann ech zum Beispill mat mengem franséische Kolleg op Franséisch iwwer seng Aarbecht diskutéieren, obscho mir an engem indesche Restaurant sëtzen an do op Englesch mam Personal schwätzen, dann ass dat alles guer kee Problem. Well et egal ass, wou mir hierkommen, oder op wéi enger Sprooch mir diskutéieren, oder wéi schaarf d'Iessen ass, well mir eis alleguerte respektéieren als Mënschen.

Multikulturalismus hätte mir dann éischter, wann jiddwereen a sengem Eck géif bleiwen, sech géif mat deene Leit ophalen, déi esou wiere wéi hien a sech och géif an Uecht huele vun deenen, déi anescht wiere wéi hien. Multi bedeit méi, mee net onbedéngt zesummen. Dat heescht, an enger multikultureller Gesellschaft - sou wéi se hei verstane gëtt - géif et manner géigesäitegen Austausch ginn, en Niefteneen also, amplaz vun engem Mateneen.

An do ass et dann och, wou vill Leit de Problem mat der Iddi vun der Leitkultur kruten. Leitkultur kléngt dono, datt een déi aner wëllt u sech upassen, an da si mir ganz séier erëm bei nationalisteschen Diskussiounen, an da gëtt sech iwwer déi Leit opgereegt, déi déi falsch Relioun hunn, oder déi falsch Sprooch schwätzen, an esou weider, an esou fort. A bei esou Diskussioune reegen dann déi eng sech op, datt een an eiser Zäit haut näischt méi soen dierf, déi aner reege sech dann op, datt een esou eppes haut dach net méi seet.

Positiv Konfliktsituatiounen

An dobäi ass dat awer eng ganz flott Erfahrung, wann Dir mat Leit frëndlech sidd, déi net Ärer Meenung sinn, aus wéi engem Grond och ëmmer, well dat ass am Fong quasi d'Conditio sine qua non fir e konstruktiivt Sträitgespréich ze feieren. D'Betounung läit esouwuel op Sträit, wéi op konstruktiv.

Éischtens ass Frëndlechkeet haut näischt Selbstverständleches méi, an zweetens kann een haut esouguer vläicht éischter dovun ausgoen, datt een ugepöbelt gëtt, wann een d'Meenung vun anere Leit net ouni Weideres unhëlt.

Dobäi ... wann een anere mierkt, datt ech him nolauschteren, an datt ech och verstoe wëll, wat hie seet, dann ass op emol eng Diskussiounsbereetschaft do, déi net ginn ass, wann deen aneren d'Gefill huet, datt ech net seng Argumenter hannerfroen, mee hie selwer.

Mee fir engem aneren iwwerhaapt wëllen nozelauschteren, muss ech dat och emol kënnen. A fir dat ze kënnen, muss ech och selbstbewosst genuch si fir ze wëssen, datt mäin Argument oder meng Positioun, iwwer déi mir diskutéieren, am Fokus stinn, an net ech als Mënsch. Leit, déi sech existenziell bedroht fillen, wann ech hinne soen, "Ech sinn net denger Meenung", jo, mat deene Leit ass eng konstruktiv Diskussioun, egal wéi kontrovers se ass, wuel och net méiglech.

Gutt, wat huet dat elo mat Leitkultur, Multikulturalismus oder Kulturpluralismus ze dinn?

Praktesch Ëmsetzung vun de Begrëffer

An enger Gesellschaft, wou et ganz vill verschidde Kulturen nieftenee gëtt, an enger multikultureller Gesellschaft also, do gëtt et verschidde Wäertesystemer, déi mateneen net onbedéngt kompatibel sinn. An doduerch, datt ech all Dag mat Leit konfrontéiert ginn, déi hiert Liewen anescht féieren, wéi ech mäint féieren, jo, dat féiert gären dozou, datt ech déi Leit als Bedrohung ophuelen.

Si sinn et vläicht net, mee doduerch, datt si aner Wäerter liewe wéi ech, doduerch kann ech mech a menge Wäerter veronséchert fillen. A Leit, déi sech onsécher fillen, déi kapsele sech gär of vun deem, wat si veronséchert.

Bei Kulturpluralismus wier de Problem vläicht manner akut, well do jiddwereen d'Gewëssheet hätt, datt hien awer duerch e gemeinsame Fong mat senge Matmënsche verbonne wier. Wat de Bauer net kennt, frësst hie jo bekanntlech net, mee vläicht wier de Bauer an dësem Fall méi dozou veranlaagt, dat Onbekannt kennenzeléieren?

Dat hei soll elo och net eriwwer komme wéi e Plaidoyer fir eng Leitkultur, d'Fro ass jo extrem komplizéiert. An ob mir elo Leitkultur, Multikulturalismus oder Kulturpluralismus soen, dat wat am Endeffekt méi wichteg ass, ass net, wéi ee Wuert mir benotzen, mee wéi ee Sënn mir dem Wuert ginn. De Fong vu menger Fro hei ass éischter, wéi en Zesummeliewe méiglech ka sinn, egal, ob mir elo d'Wuert multi oder pluri dofir benotzen.

Mat oder nieft deenen Aneren?

Wann een Demokratie an Toleranz als Grondwäerter vun eisem Deel vum Planéit wëllt gesinn, muss een awer och leider feststellen, datt ganz vill Leit, déi sech fir déi Wäerter ausschwätzen net mierken, datt si selwer déi Wäerter an der Praxis weder ausliewen, nach schéngen ze verstoen. Toleranz ass eppes Passives, ech dulden deen Aneren, wann ech hien toleréieren. Mee fir en Zesummesinn ass Dulden e Minimum, vläicht ass eng méi aktiv Haltung zum Aneren néideg. Inklusioun, Integratioun, Toleranz, hei stinn och nach vill Froen op.

Et ass also sou oder sou vill Diskussiounsbedarf do. A wien Diskussioun seet, seet Diskussiounsbereetschaft. An dat setzt viraus, datt een eppes ze soen huet, mee awer och gewëllt ass nozelauschteren a Gespréichspartner huet, déi dat och wëllen.

Eng individuell Verantwortung géigeniwwer der eegener Fräiheet?

Virun zwou Wochen hat ech mäi Prisma, wou et ëm Konformismus gaangen ass, mat där Fro opgehalen, firwat ee sech iwwerhaapt mat Leit géif ophalen, déi engem géife virschreiwen, wéi een ze liewen hätt, amplaz sech mat Leit opzehalen, déi engem géifen d'Fro stellen, wéi ee gär liewe wëllt. An hei, bei der Fro vun der Leitkultur, kann ee sech genee déi selwecht Froe stellen.

Well, dat wat hei wichteg ass, ass net nëmmen d'Fro, wat d'Wäerter vun der europäescher Moderne sinn, mee wéi een déi Wäerter esou ëmgesat kritt, datt se och vun de modernen Europäer individuell als hir eegen Wäerter gelieft ginn. Do wier et dach scho bal derwäert, e puer kontrovers, mee konstruktiv Diskussiounen doriwwer ze feieren.

Oder, fir et méi einfach ze formuléieren: Wa mir net wëllen, datt aner Leit eis drun hënneren, eist Liewen esou ze feieren, wéi mir et wëllen, wéi wäit si mir perséinlech prett fir eis eege Fräiheet ze kämpfen?