Radioen

On air

De Moien  |  Invité:e vum Dag

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat steet am Koalitiounsofkommes?

Programm fir 2023-2028

Wat steet am Koalitiounsofkommes?

Déi nei CSV-DP-Regierung wëll a ville Punkten d’Politik vun de leschte Jore weider féieren. Mat enger méi wirtschaftsliberaler Ausriichtung sinn d’Prioritéiten awer dacks anerer. D’Lëscht vun de proposéierte Steierreduktiounen ass laang. Wéi dat Ganzt soll finanzéiert ginn, bleift onkloer.

auto_stories

11 min

"Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerkten", ass de Regierungsprogramm iwwerschriwwen. Déi 24 Kapite kënnt Dir hei noliesen. 

Laang Lëscht vu méigleche Steierreduktiounen

Wéi schonn annoncéiert, soll de Steierbarem op den 1. Januar 2024 ëm véier Indextranchen ugepasst ginn (dovunner war d’Upassung ëm 2,5 Tranchë scho vun der viregter Regierung entscheet ginn). Weider Upassunge vum Barème u viregt an zukünfteg Indextranchë solle gemaach ginn, wann déi “budgetär Trajectoire” et erlaabt. Parallel dozou solle kleng a mëttel Revenuen nach weider entlaascht ginn. Wéi staark d’Erliichterungen an der Steierklass 1a solle sinn, gëtt am Koalitiounsaccord net präziséiert.

Weider Steierreduktioune ginn annoncéiert, dorënner:

  • D’Betribsbesteierung soll erof gesat ginn, fir an der OECD-Moyenne ze leien, déi grad gëllt
  • Steiererliichterunge fir kleng a mëttel Betriber sollen “examinéiert ginn”
  • D’Ofsetzbarkeet vu speziellen Ausgaben a Chargë soll méi avantagéis ginn, notamment fir déi privat Renteversécherung méi attraktiv ze maachen
  • Wéi annoncéiert, soll ee Steierabattement fir Beruffsufänger agefouert ginn
  • De Seuil vun engem Revenu aus dem Benevolat, deen exoneréiert ass, gëtt erop gesat
  • Den Invest vu Privatleit an “innovativ” Betriber soll steierlech avantagéiert ginn
  • De Regime vun der Prime participative a vum Impatrié fir gutt bezuelten Aarbechtskräften, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg kommen, solle “verstäerkt” ginn
  • D’Participatioun vu Salariéen um Kapital vun hirer Entreprise soll “encouragéiert” ginn
  • Eng Baisse vun der Taxe d'abonnement fir verschidden Investmentfonge gëtt analyséiert

Trotz dëser laanger Lëscht léist d'CSV hir Walkampfverspriechen wuel net ganz an: eng Hausse vum Agankssteiersaz steet net am Accord, och net eng Verbreederung vun de Steiertranchen am Barème, am Walprogramm stoung och een degressive Steierkredit fir Mindestlounbezéier. D'CSV hat sech och fir eng Hausse vum Spëtzesteiersaz vun 42 op 43 Prozent ausgeschwat: Dat schléisst de Koalitiounsaccord elo formell aus.

Der DP hir Fuerderung no enger Individualiséierung vun der Besteierung soll mat der Virlag vun engem Reformprojet 2026 ageléist ginn.

Steieravantagen am Logement

Och am Beräich vum Logement sinn eng Rei steierlech Mesurë geplangt, wann och dacks net ganz präzis:

  • Den Taux d’amortissement accéléré gëtt erop gesat
  • Den Taux fir d’Besteierung vun de Plus-valuë beim Immobilieverkaf gëtt reduzéiert
  • De “Bëllegen Akt” fir de Kaf vum éischten Eegenheem gëtt erop gesat
  • Een neie “Bëllegen Akt” fir de Kaf vun enger Wunneng fir ze verloune gëtt agefouert
  • Den ofsetzbare Montant u Scholdzënse fir de Prêt um Eegenheem: gëtt erop gesat
  • De Loyer, deen ee via eng “Gestion locative sociale” kritt, soll zu 90 Prozent steierfräi sinn (aktuell 75 Prozent)
  • Eng steierlech Exoneratioun vu Primmen, déi d’Betriber hire Mataarbechter fir d’Locatioun vun engem Logement bezuelen, gëtt analyséiert
  • D’Regierung engagéiert sech steierlech Ureizer ze schafen, fir datt d’Entreprisen hire Salariéë Wunnengen zur Verfügung stellen
  • D’TVA Logement vun 3 Prozent soll fir ee méi grousse Montant gëllen, doriwwer wëll d’Regierung mat der EU-Kommissioun verhandelen. Datt de super-reduzéierten Taux och fir Immobilieninvestisseure soll gëllen, sou wéi d’CSV dat am Walkampf versprach huet, steet net am Accord
  • Den Transfert vu Plus-Valuen op Immobilientransaktiounen hei am Land soll agefouert ginn

Et gëtt net kloer gesot, ob déi steierlech Mesurë fir den Immobilieninvest wéinst der aktueller Kris am Bausecteur ze fërderen, just zäitlech limitéiert solle gëllen. Am Text steet, dës Mesurë géife “pour l’exercice fiscal 2024” agefouert ginn. Ob se duerno net méi gëllen, bleift oppen.

Finanzéierbarkeet onkloer

Am Koalitiounsaccord fënnt ee keng Ausso dozou, wéi CSV an DP déi sëlleg Steierreduktioune wëlle finanzéieren. D’Regierung engagéiert sech just, datt si wéilt hiren “AAA”-Rating bei den internationale Ratingsagencen halen. Em Kader vun der Budgetspolitik wéilt d’Regierung eng nohalteg Trajectoire fir d’Staatsschold definéieren, heescht et ganz allgemeng.

De Finanzéierungsbedarf wäert par konter éischter wuessen, well nieft Steierreduktioune gesäit de Koalitiounsaccord eng ganz Partie Mesurë mat engem héije Käschtepunkt vir. De Koalitiounsaccord versprécht, datt déi ëffentlech Investitiounen op engem héijen Niveau solle bleiwen.

Virop si “massiv” Investissementer an déi erneierbar Energien an an déi energeetesch Sanéierung geplangt (d’Subside fir Privatleit sollen an Zukunft vum Staat direkt iwwerholl an de Betriber iwwerwise ginn – amplaz wéi bis elo réischt nodréiglech ausbezuelt ginn). CSV an DP verspriechen och eng ëffentlech Wunnengsbauoffensiv.

Beim Logement a beim Klima hofft d’Regierung op d’Participatioun vun de Leit (via Biergerfongen) a vun de Betriber (am Kader vun ëffentlech-private Partnerschaften) fir déi néideg Investissementer ze finanzéieren.

Aner deier Projete sinn déi hei:

  • an der Spillschoul soll nieft dem Léierpersonal an all Klass och een Educateur schaffen
  • nei Aidë fir d'Wirtschaft beim Klimaschutz ze ënnerstëtze sollen agefouert ginn
  • de Staat soll Terraine kafen, op deene wirtschaftlech Aktivitéitszone kënnen entstoen
  • Leit, déi hir Energierechnungen net kënne bezuelen, solle méi staatlech Ënnerstëtzung kréien
  • iwwert déi scho geplangten Tramlinnen an der Stad an tëscht der Stad an Esch solle weider "schnell Tramlinnen" iwwerpréift ginn

Ëffentlech-privat Wunnengsbauoffensiv

CSV an DP verspriechen eng ëffentlech Wunnengsbauoffensiv. De Staat wéilt “à grande échelle” an d’Schafe vun abordablem Wunnraum investéieren. Dëst a Concertatioun mat den “Acteuren am Secteur”. Generell solle privat Acteure méi staark agebonne ginn, iwwer d'Baufirmen eraus, déi souwisou scho fir de Staat bauen, dee selwer keng Baufirma huet. Deemno kéinte privat Promoteure deels Aufgaben iwwerhuelen, déi soss de Fonds du Logement oder d'SNHBM hunn:

“Le Gouvernement analysera la possibilité d'élargir le système d’aides pour la création de logements abordables aux acteurs privés, dans des conditions précises. A travers des appels d'offres publics, le Gouvernement envisagera d'impliquer plus activement et efficacement le secteur de la construction dans la création de logements abordables publics. Le Gouvernement examinera si des appels d’offres diversifiés constituent une alternative plus efficace et moins coûteuse par rapport à une autorité publique agissant seule comme maître d’ouvrage.”

Et sollen och weider privat Wunnprojeten opkaf ginn. D’Zil wier et dës Wunnengen ze integréieren an een “grand parc immobilier public en tant que logements à louer”. Fir d'Gestioun vun deene Wunnenge kéint eng nei Agence zoustänneg ginn: "mandatée de centraliser la gestion administrative et l’attribution des logements publics destinés à la location abordable sera examinée. Les administrations communales pourraient également recourir à cette agence pour la gestion des logements abordables qui relèvent de leur propriété."

Klimaschutz jo, mee...

Beim Klimaschutz huet d’Regierung deels widderspréchlech Messagen. D’Zäregasemissioune solle “signifikativ limitéiert” ginn, heescht et. D’Klimaneutralitéit vu Lëtzebuerg bis 2050 gëtt net erwäänt.

De Koalitiounsaccord bekennt sech zum iwwerschaffte Klima- an Energieplang vun der viregter Regierung. Wéi dëse Plang konkret soll ëmgesat ginn, bleift awer oppen.

D'Klimagesetz, dat fir all Secteure verbindlech CO2-Reduktiounsziler festleet, gëtt net erwänt. Par konter soll de Staat schonn a siwe Joer klimaneutral sinn. Dat hat d'CSV an hirem Walprogramm gefuerdert, an domadder een däitlech méi ambitiéist Zil proposéiert, ewéi et an der iwwerschaffter Versioun vum Klima- an Energieplang steet: déi viregt Regierung wollt déi staatlech Gebaier bis 2040 energetesch sanéieren an op klimaneutral Heizsystemer ëmstellen.

"Standard" amplaz "Obligatioun"

Photovoltaïk zum "Standard" op neie Gebaier maachen: Dat steet esou schonn am Klima- an Energieplang, just gëtt do den Terme "Obligatioun" gebraucht. Deen evitéiert déi nei Koalitioun, sou gutt et geet a betount: Wann nei Obligatiounen néideg sinn, da misste se de Proportionalitéitsprinzip respektéieren. Nei Mesürë sollen duerch adaptéiert a sozial gerecht finanziell Hëllefe begleet ginn.

D'Technologie fir Zäregasen aus der Loft ze filteren an ënnerierdesch ze stockéiere wëll d'Regierung ënnerstëtzen - awer just am Ausland.

An der Landesplanung ass net kloer, ob CSV an DP mam Zil vun Netto-Null neier Versigelung bis 2050 wëllen erreechen. Den neie Programme directeur fir d'Landesplanung vun der viregter Regierung soll dem Koalitiounsaccord no nach emol iwwerschafft ginn.

Landwirtschaft: Aner Approche

Am Verglach zum Koalitiounsaccord vun 2018 fällt op, datt d'Regierung keen Zil méi fir den Undeel vun der Bio-Landwirtschaft definéiert an dat aktuellt Zil vun 20 Prozent wëll revidéieren. Biologesch Landwirtschaft soll awer "systematesch" ënnerstëtzt ginn.

Wéi eng Ziler am Klima-, Biodiversitéits- a Waasserschutz sollen erreecht ginn, wëll d'Regierung mat de Baueren zesummen entscheeden. Verbueter vu Pestizide gi keng erwänt. Amplaz wëll d'Regierung den "nohaltegen Asaz vu phytosanitäre Produiten" promouvéieren.

Kritesch gesinn CSV an DP d'Installatioun vu Solarpanneauxen op Agrarflächen, déi entspriechend Projete vun der viregter Regierung sollen evaluéiert ginn.

Weider, wéi geplangt

Eng Rei Projete vun der viregter Regierung, sollen nach ëmgesat ginn, notamment am Logement:

  • De Projet vun der neier Grond- a Mobiliséierungssteier soll ëmgesat ginn
  • De Gesetzprojet fir Baulandverträg soll finaliséiert an ëmgesat ginn
  • De Gesetzprojet vum Remembrement ministeriell soll finaliséiert ginn
  • D’Reform Loyersgesetz soll iwwerschafft ginn, d’Virgabe fir d’Colocatioune sollen an engem separate Gesetz méiglechst séier gestëmmt ginn

CSV an DP bekenne sech och zur geplangter Reform vum Jugendschutz a vum Jugendstrofrecht, dat virun de Walen net méi konnt gestëmmt ginn.

D'Offer un ëffentleche internationale Schoule soll vu sechs op néng weider ausgebaut ginn: zu Diddeleng soll een neie Standuert entstoen, zu Esch an an der Stad ass jeeweils eng zweet ëffentlech Europaschoul geplangt. Och déi franséisch Alphabetisatioun kéint an alle Grondschoulen ugebuede ginn, jee nodeems wat déi wëssenschaftlech Evaluatioun vum Pilotprojet ergëtt.

Gesellschaftspolitesch Kompromësser

An der Familljepolitik schloen CSV an DP keng nei Richtung an. Anescht wéi am CSV-Programm virgesinn, gëtt d’Kannergeld weder gestaffelt (jee no Unzuel vu Kanner am Stot), nach verduebelt (wann Elteren net schaffen). Aus dem CSV-Programm ginn zwou Fuerderungen zréck behalen, déi haaptsächlech Famillje mat héijem Akommes ze gutt kommen: Salariéë sollen d'Recht kréien hir Tâche ëm bis zu 4 Stonnen ze reduzéieren, wa se Kanner ënner 13 Joer hunn (onbezuelt, de Patron ass net verflicht d'Tâche duerno nees erop ze setzen), an d'Babyjoren (also d'Period während där een Elterendeel net schafft, mee de Staat d'Rentecotisatiounen iwwerhëlt) gi vun 24 op 36 Méint erop gesat. 

D’CSV ralliéiert sech am Koalitiounsaccord op enger Rei Froen de gesellschaftspolitesch méi liberalen Usiichte vun der DP:

  • De Cannabis-Ubau fir de private Gebrauch bleift legal (an der Chamber hat d’CSV dergéint gestëmmt), d'Legaliséierung soll awer net viru gedriwwe ginn
  • Bei enger Ofdreiwung gëtt den Delai vun 3 Deeg tëscht der Berodung an dem Akt vun der Ofdreiwung ofgeschaaft (viregte Vereinfachunge vun der Prozedur stoung d’CSV kritesch géintiwwer)

Liberaliséierung vu Santé an Aarbecht

CSV an DP wëlle keng komplett Privatiséierung vum Gesondheetswiesen: "déi konventionéiert Medezin gëtt bäibehalen", heescht et.

Wéi vu béide Parteien am Walkampf versprach, soll d'Gesetz vu Juli 2023 iwwert de "Virage ambulatoire" iwwerschafft ginn: D'Doktere solle méi schwéier Geräter baussent de Spideeler dierfe benotzen. Vun enger obligatorescher Zesummenaarbecht mat de Spideeler geet net méi Rieds.

Wéi am DP-Walprogramm gefuerdert, wëll d'Regierung mat de Sozialpartner iwwert eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten diskutéieren: proposéiert gëtt d'Aféiere vun enger Joresaarbechtszäit als Referenzperiod an vun Aarbechtszäitkonten.

D'Sonndesaarbecht soll flexibiliséiert ginn.

Fir den Encadrement vun der Plattformaarbecht wëll d'Regierung op eng entspriechend EU-Direktiv waarden. D'Taxiswiesen soll liberaliséiert ginn, fir datt Firmen, déi wéi UBER op Plattformaarbecht zréck gräifen hei am Land kënnen operéieren.

Den Index-Mechanismus mat deem Gehälter a Pensiounen automatesch un d'Inflatioun ugepasst ginn, wëllen CSV an DP bäibehalen. Wa méi wéi eng Index-Tranche d'Joer erfällt, soll eng Tripartite aberuff ginn: fir d'Kafkraaft vun de Leit an d'Competitivitéit vun de Betriber ze erhalen.

Repressiv Sécherheetspolitik

Schonn am Walkampf waren CSV an DP sech a Sécherheetsfroe gréisstendeels Eens. Am Koalitiounsaccord gëtt elo eng Verschäerfung vum Platzverweis an Aussiicht gestallt, ouni datt dës Mesure weider präziséiert gëtt. Och séier Justizverfaren (comparution immediate) sollen agefouert ginn.

An der groussherzoglecher Police soll eng lokal Unitéit entstoen, ënnert dem “pouvoir de direction” vum Buergermeeschter.

Den Asaz vun "Tasere" soll iwwerpréift ginn. Den Asaz vun Iwwerwaachungskameraen soll ausgewäit ginn.

Restriktiv Immigratiounspolitik

D'CSV-DP-Koalitioun schléisst eng generaliséiert Regulariséierung vu Persounen aus, deenen hir Asyldemande refuséiert gouf. Just an Eenzelfäll soll dat méiglech sinn. Leit, déi keen Openthaltsrecht méi hei am Land hunn, sollen net méi an de Flüchtlungsstrukture vum ONA ënnerbruecht ginn. D'Regierung wëll fir Leit, déi op de Retour an hir Heemescht a sougenannte "Maisons de retour" schafen.

D'Direction de l'Immigration soll dierfen DNA-Tester als Beweis froen, fir de familiäre Lien tëscht Asyldemandeuren ze beweisen, oder wann et Zweifel iwwer d'Identitéit vun enger Persoun ginn.

D'Regierung wëll méi Magistraten astellen, fir Asyldossiere méi séier ze traitéieren.

Et sollen nei Flüchtlingsstrukture gebaut ginn, an dës solle "equitabel" iwwer d'Land verdeelt ginn. All Gemenge misste sech bedeelegen. Eng Quot, wéi d'CSV se gefuerdert huet, steet awer net am Koalitiounsofkommes.

Digitalisatioun als grouss Prioritéit

Dat éischt Kapitel vum Koalitiounsaccord huet den Titel “moderne Staat”, wourënner d’CSV an d’DP haaptsächlech d’Digitaliséierung an déi administativ Vereinfachung verstinn.

Virgesinn ass eng Analys, fir bei Chamber- a Gemengewalen den elektronesche Vott am Walbüro anzeféieren.

Bei de Gemengewale soll réischt vu 6.000 Awunner un (amplaz aktuell 3.000 Awunner) nom Proporzsystem gewielt ginn. D’Buergermeeschteren an deene Gemenge vun iwwer 6.000 sollen ee Congé politique vu 40 Stonne kréien. Eng Debatt iwwer Duebelmandater soll am Kader vun där Reform och gefouert ginn.

Kultur: Nei Institutiounen

D'Regierung wëll d'Schafe vun engem "Institut du patrimoine culturel immatériel" analyséieren. Eng "Maison des Arts de la Danse" soll geschafe ginn.

D'Gesetz iwwert den Denkmalschutz an iwwert de gratis Museksunterrecht sollen evaluéiert ginn.

Sport als economesche Facteur

D'Sportinfrastrukture solle weider entwéckelt ginn, heescht et ganz allgemeng am leschte Kapitel vum Koalitiounsofkommes.

Déi Lëtzebuerger Anti-Doping-Agence soll reforméiert ginn.

D'Analysen iwwert den economeschen Impakt vu physescher Aktivitéit a Sport sollen zesumme mam Statec erweidert ginn.