Ënnert anerem bei der Fro vum Index gesäit den OGBL ee Fortschrëtt. Ausser zwou Parteien, déi weider fir de gedeckelten Index wieren, nämlech Fokus an d’Piraten, wieren all déi aner mam System d’accord. Och wat d‘Fuerderung ugeet de Steierbarème un d‘Inflatioun unzepassen, géing et viru goen, weist sech d’Nora Back zefridden.
"An den éischten Tripartite vun dëser Mandature, wou och den Index manipuléiert ginn ass, si mir nach quasi ausgelaacht gi fir déi Fuerderung a mir hunn nach gesot kritt, dat ass absolutt ondenkbar. An den zweeten a folgenden Tripartitten hu mir gesot kritt, datt ass ee politeschen Harakiri, dat gëtt sécher net gemaach. Herno hu mir an der leschter Tripartite en Deel Adaptatioun vum Barème kritt an haut si mir dann esou wäit, datt mir awer frou sinn, datt och do quasi an alle Programmer op d'mannst d‘Theema eemol eescht geholl ginn ass."
Kollektivvertrags-Gesetz: Net méi zäitgeméiss?
Berouegt, wann och virsiichteg, wier een iwwerdeems beim Theema Pensiounen, esou d‘OGBL-Presidentin.
"Et muss ee soen, datt elo allgemeng gesinn an de Parteiprogrammer ganz wéineg dozou steet eigentlech an et elo keng kloer Aussoe gëtt vun der enger oder anerer Partei, d'Pensioune wëllen ze verschlechteren, an dat ass scho mol wichteg am aktuelle Kontext."
Manner zefridde weist sech den nationale Comité vum OGBL allerdéngs bei der Fro vum Kollektivvertrags-Wiesen.
"Eng Gesetzreform gesi weder d'LSAP nach d'DP vir, wat awer bedauerlech ass, well dat zwou Regierungsparteie sinn, déi aktuell mat eis awer vill driwwer geschwat hunn, déi awer wëssen, wéi eis dat um Häerz läit, wou mir och am Comité permanent du travail de l'emploi ëmmer erëm drop higewisen hunn, datt et eng Noutwendegkeet gëtt."
D’Kollektivvertrags-Gesetz wier net méi zäitgeméiss, esou d’Nora Back. Dat Theema misst endlech ugepak ginn.