Radioen

On air

De Moien  |  Warpaint - New Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grand Prix geet u "Servants"

CinEast-Festival

Grand Prix geet u "Servants"

Déi 13. Editioun vum Festival fir mëttel- an osteuropäesche Kino goung de leschte Weekend op en Enn. Den Drama "Servants" vum slowakesche Realisateur Ivan Ostrochovsky ass de grousse Gewënner.

auto_stories

3 min

"Servants" spillt 1980 an der Tschechoslowakei. Zwee jonk Seminariste fänken hire Studium un, zu engem Moment, an deem de Seminaire wéinst subversiven Aktivitéiten an d'Viséier vun de kommunisteschen Autoritéite geroden ass. Iwwer säi Film seet de slowakesche Realisateur Ivan Ostrochovsky:

"De Sujet vum Film ass net déi kommunistesch Period, et geet ëm d'Zäit vun der Jugend. Et ass ee mat der Realitéit konfrontéiert, an déi ass ëmmer haart. Haut manner wéi ënner dem Kommunismus, an awer. Et si Saachen, déi een net wëllt maachen. Mee et muss ee schaffe goen, fir Suen ze verdéngen, vläicht wëllt d'Frëndin en neien Auto an du net ... Eppes an der Realitéit dréckt däi Liewen an eng bestëmmte Richtung, déi der net gefält, mee du muss weidermaachen."

Déi belsch Realisatrice Zoé Wittock, Member vum Jury, erkläert, firwat dem Ivan Ostrochovsky säi "Servants" de Präis vum beschte Film krut:

"Pour un film d'époque, on trouvait le traitement assez original. Tout un monde que je ne connaissais pas ... Donc il y avait déjà tout un côté informatif qui m'a beaucoup plu. Mais surtout ce qui nous a fait pencher vers celui-là plutôt qu'un autre, c'était sa facture. C'est presque un petit OVNI cinématographique, une sorte de film noir qui nous raconte la vie de ces jeunes dans ce système un peu totalitaire. Et les images en noir et blanc sont totalitaires, elles sont très noires ou très blanches. Et on trouvait qu'il y avait une vraie poésie symbolique dans les images et en même temps une tension haletante."

"Ce moment de vie, où ..."

D'Jury huet "Mare" vun der Kroatin Andrea Staka mat engem Spezialpräis ausgezeechent. Erzielt gëtt d'Geschicht vun enger Fra, déi der Routine vum Alldag wëllt entkommen. "J'ai beaucoup aimé la cinématographie de 'Mare' aussi, que j'ai trouvée très belle, très englobante", seet d'Zoé Wittock.

"Dans un tout autre genre, il apporte tout autant de subtilité et de nuance à ses personnages. On sent l'amour de la réalisatrice pour son personnage principal. Il y a énormément de subtilité à la fois dans ce personnage feminin mais aussi dans les hommes qui l'entourent. Je trouvais qu'elle avait réussi à vraiment capturer ce moment de vie, où à la fois la vie n'est si terrible que ça, mais en même temps, on a besoin d'un changement. Ce juste milieu, elle l'a trouvé et elle le maîtrise parfaitement du début à la fin."

De Pressejury huet "Stories From The Chestnut Woods" vum jonke slowenesche Realisateur Gregor Bozic priméiert, eng poetesch Evokatioun vum italieenesch-sloweenesche Grenzterritoire nom Zweete Weltkrich. D'Kritiker hunn des weideren den Drama "Father" vum Serb Srdan Golubovic mat enger Mention spéciale belount. Dem Publikum huet iwwerdeems den Documentaire "Collective" vum Rumän Alexander Nanau am beschte gefall, iwweregens eng Lëtzebuerger Co-Produktioun.

Dës 13. Editioun vum CinEast-Festival ass nach net grad eriwwer. Déi meeschte Filmer kënnen nach bis den 8. November online gekuckt ginn um Site vum Festival.