D’Anne Simon ass zanter iwwer 15 Joer als Regisseurin an der Lëtzebuerger Theaterzeen an doriwwer eraus e feste Begrëff. Si huet um Royal Holloway vun der Universitéit London d’Fächer Drama an Theater studéiert. D’Anne Simon war gëschter Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun “Sot emol” an huet ënnert anerem och iwwert hir Studienzäit zu London geschwat.
Aktuell ass d’Anne Simon am gaangen un hirer Mise en scène vum Mike Bartlett sengem Stéck “Cock” ze schaffen datt de 14 Mee am Kapuzinertheater Première huet.
Dat ganzt Gespréich fir nach emol ze lauschtere fannt der wéi ëmmer an eiser Mediathéik