D’Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun “Sot emol” war d’Sängerin a Pianistin, Enseignante, Vocalcoach, Chouerarrangeurin, Backgroundsängerin Ingrid Schwarz. Si gëtt Gesangscoursen an der Musekschoul zu Diddeleng an huet eng eege Band, d’Ingrid Schwarz Band.
An dann dee spezielle musikaleschen Touch: D‘Ingrid Schwarz ass een Deel vum Duo Da Yodla, an deem Jodele mat Pop- oder moderner Musek verbonne gëtt. Wéi si bei d‘Jodele koum, huet si am Sot emol verzielt.
Dir kënnt den Duo iwweregens den 12. Juli um Summer Stage zu Diddeleng am Parc Léi zesumme mat der Harmonie vun Diddeleng héieren a gesinn.
Dat ganz Gespréich mat der Ingrid Schwarz fannt Dir an eiser Mediathéik op 100komma7.lu, wou Dir dann och gewuer gitt, wéi der Ingrid Schwarz hiert d‘Liewen als Kand am Zirkus Roncalli war.