Et gi Sportaarten, vun deenen een net esou vill schwätzt an net dacks eppes héiert, déi awer fir deen Eenzele grad esou vill Engagement a Passioun verlaangen, wéi all anere Sport.
Den Invité an der Emissioun Sot emol ass esou e Mënsch, deen e Sport praktizéiert, deen elo net grad all Dag an der Aktualitéit steet: rieds geet vun Aarmwrestling, Bras de Fer oder Aarmdrécken. De Sean Grethen ass mat ganz vill Leidenschaft bei dësem Sport derbäi, a wann ee Biller vun de Competitioune kuckt, da mierkt ee séier, datt fir dee Sport ganz vill verlaangt ass.
De 6. Juli, nächste Freideg, ass de Sean Grethen beim internationalen Event am Aarmwrestling East vs. West zu Istanbul an der Tierkei am Asaz.
Dat ganzt Gespréich mam jonken engagéierte Kraaftsportler fannt Dir an eiser Mediathéik.