Der Marie Josée Jacobs hire Beruff ass Infirmière-Anästhesistin. Du goung si an d’Politik an iwwer vill gewerkschaftlech a politesch Engagementer gouf si 1984 eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt. Hire politesche Wee goung weider, 1992 gouf si Landwirtschaftsministesch an delegéiert Kulturministesch.
No hirer politescher Karriär gouf d’Marie Josée Jacobs Presidentin vun der Fondatioun Caritas, mat nees enger Kéier der Hëllef am Mëttelpunkt.
Ganz vill Leit kenne si awer och duerch hiren Éisleker Accent, si ass gebierteg vu Maarnich an huet déi Attachen zum Éislek ni verluer.