D’Kimberly Darcy Mae ass eng jonk Lëtzebuerger Actrice, déi ewell amgaang ass op der Universität der Künste zu Berlin eng Schauspillformatioun ze maachen. Si ass awer iwwer en éischter ongewéinleche Wee bei d’Schauspillerei komm. D’Kimberly Darcy Mae kënnt aus dem Leeschtungssport, mat sechs Joer jonk huet si mam Karate ugefaangen a si huet an deem Sport och aussergewéinlech Leeschtunge bruecht.
Dat ganzt Gespréich mat der Kimberly Darcy Mae kënnt Dir nach emol op eisem Internet 100komma7.lu integral lauschteren.