De Martin Engler ass Schauspiller, Museker, Sänger, Komponist, Regisseur a Spezialist fir Lauschterstécker..
De Martin Engler huet Theaterwëssenschaften, Philosophie a Politikwëssenschafte studéiert an dunn e Schauspillstudium op der Ernst Busch Héichschoul zu Berlin gemaach. De Martin Engler, deen Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol war, ass vun der éischter Editioun vum Fundamental Monodrama Festival am Joer 2010 un derbäi, an dat ass dëst Joer net anescht, e Monodrama Festuval, deen nach bis de 17. Juni dauert. Dat ass och ee vun de Grënn firwat de Martin Engler, deen zu Berlin lieft, eng enk Relatioun zu Lëtzebuerg huet. Wéi hie Lëtzebuerg gesäit huet hien ënner anerem am Sot emol verzielt.
De Martin Engler ass iwweregens en Donneschdeg (13.6.) an der Banannefabrik zu Bouneweg an engem Double Feature mat Texter vum däitschen Auteur Helmut Heissenbütel ze gesinn. Dat ganz Gespréich mam Martin Engler kënnt Dir an eiser Mediathéik integral lauschteren.