“Ein junger Luxemburger in NS-Haft - Die Tagebücher des Joseph Stephany” ass en historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich.
An d’Basis sinn dem Concernéierte seng Tagebicher oder seng “Carnet de Route”, wéi hie se genannt huet, déi de Joseph Stephany tëschent Mäerz 1944 a Mee 1945 geschriwwen huet.
Dem Joseph Stephany säi Fils Richard Stephany huet dës Carnet de Route geliest an dorausser dat ganz perséinlecht Buch gemaach. Hien erzielt d’Liewe vun engem Mann, wéi et der an där Zäit bestëmmt méi gouf. De Jean Claude Majerus huet mam Richard Stephany geschwat, iwwer dat Buch, iwwer d’Approche a firwat dat Buch entstanen ass.