Dagdeeglech
Virun 105 Joer trëtt Lëtzebuerg aus dem däitschen Zollveräin aus
2 min
Den däitschen Zollveräin war eng Zollunioun, déi 1833 entstanen ass duerch d'Zesummegoe vu Staate vum deemolegen Däitsche Bond ënner der Leedung vu Preisen, awer ouni Éisträich. Lëtzebuerg ass deem Zollveräin 1842 bäigetrueden, dat awer ouni grouss Begeeschterung. En plus hat d’Land quasi näischt ze soen, gouf an den Entscheedungsorganer ëmmer vu Preise vertrueden.
Nom Enn vum Éischte Weltkrich huet dat neutraalt Lëtzebuerg seng Memberschaft opginn a mat der Belsch déi Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun UEBL gegrënnt.