arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun dräi Joer ass de Josy Stoffel gestuerwen
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer gouf de Josy Stoffel de 27. Juni 1928 zu Déifferdeng. Hien ass dee wuel beschte Lëtzebuerger Turner vun allen Zäiten, war 16 Joer laang ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turnen. Hien huet du bei véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden deelgeholl. No senger sportlecher Karriär war de Josy Stoffel och als Trainer aktiv. Hie stierft haut (9.3.) op den Dag virun dräi Joer am Alter vun 92 Joer.
Politik a Gesellschaft
Sport