Bewosst Gesond
Weltdiabeetes-Dag 2023
14 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/114106/image-thumb__114106__base_thumbnail/Diabetes%20World%20Diabetes%20Day.87ede281.jpg)
Säi Risiko kenne fir Komplikatiounen ze vermeiden.
De 14. November ass de Weltdag vum Diabeetes. Dësen Dag ass ëmmer nees eng gutt Geleeënheet fir op d’Problematik vun dëser chronescher Krankheet anzegoen.
De Slogan fir 2023 ass: "Kennt Äre Risiko, kennt Är Äntwert."
D’Zil vun dëser Campagne ass d'Wichtegkeet fir säin eegene Risiko fir Typ 2 Diabeetes ze kennen an esou d’Entwécklung vun der Krankheet an déi domat verbonne Komplikatiounen ze verzögeren oder esouguer ze vermeiden.
Mam Sylvie Paquet a Jessica Durbach vun der Association Luxembourgeoise du Diabète ASBL. Weider Informatiounen op www.ald.lu
D’Risikofaktore fir Typ 2 Diabeetes:
• Alter (> 45 Joer)
• Iwwergewiicht (BMI > 30) a besonnesch d’Fett ronderëm de Bauch, dofir gëtt dann den Taillen-Ëmfang gemooss (> 80 cm fir Fraen, > 94 cm fir Männer)
• Familliär Geschicht: Elteren oder Bridder / Schwëstere mat Diabeetes
• Beweegungsmangel (Sedentaritéit: manner wéi 30 Minutte kierperlech Aktivitéit pro Dag)
• Schlecht Iessgewunnechte mat wéineg Uebst, Geméis a Kären
• Héije Bluttdrock
Recommandatiounen :
Op där enger Säit huet ee Liewensmëttel, déi méi dacks op eisem Teller solle sinn:
- Frëscht Geméis an Uebst, wa méiglech regional a saisonal
- Vollkarkären, Brout an Deegwueren, egal op dat elo Weess, Dinkel, Wëllkar, Räis, Huewer, Quinoa ass
- All Zorte vun Nëss a Kären, wéi Hacker-, Hiesel-, Cashew- oder Afennëss, mee och Kürbis-, Sesam-, Sonneblummen, Chia-, oder Leinsamekären
- Net-gesiedegt Fetter aus Ueleg-Friichten, wéi Oliven, Raps, Sesam, Arachiden, Mais, Sonneblummen …
- Fermentéiert Liewensmëttelen, wéi Jughurt oder Kefir
- Genuch Flëssegkeet duerch Waasser an net-geséissten Téi, Kräidertéi oder Kaffi
Dogéint solle folgend Liewensmëttelen nëmmen heiansdo, an a klenge Quantitéite konsuméiert ginn:
- All séisst Gedrénks wéi Cola, Limonaden a Jus
- Gesiedegt a gehäerten oder Trans-Fetter aus Margarinn, Palmfett, industriell hiergestallte Kichelcher a Séissegkeeten oder Schockelasbotter
- Rout Fleesch, Charcuterie a Fleeschwueren
- Am allgemenge si staark verschafften an transforméiert Liewensmëttelen oder wäiss a raffinéiert Mielprodukter a Brout ze vermeiden.
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Geet d'Léift wierklech duerch de Mo?
Iessen ass en zentrale Bestanddeel vun de Féierlechkeeten op Vältesdag, a vill Leit gesi kulinaresch Experiencen als e wichtege Wee fir Léift auszedrécken.
Gesond Ernärung op der Aarbecht
Iddien an Ustéiss, fir eng gesond Ernärung am Beruffsalldag,vun der Ernärungsberoderin Lis Muller.
![Déiereschutz: Iwwerwaachung vum Déierewuel](/legacy/images/20537/image-thumb__20537__base_thumbnail/K%C3%A9i%20am%20Stall.70fa37a9.jpg)
Déiereschutz: Iwwerwaachung vum Déierewuel
D’ALVA, déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung, këmmert sech ëm d’Iwwerwaachung vum Déiereschutz an Déierewuel bei Haus-, Notz- a Labosdéieren.
Wuelbefannen a mental Gesondheet
Journée de Bien-Être an der Hotelsschoul zu Dikrech
Diabetes a grouss Ernärungstrends: den Afloss vun den neien "-tarier"
Dacks ginn dës Ernärungstrends als méi gesond dohi gestallt. Mee ass dat wierklech ëmmer de Fall?
![© Bigstock / artiemedvedev Eist Iessverhalen an den Impakt vun de soziale Medien | © Bigstock / artiemedvedev](/1_Foto/100komma7.lu/131935/image-thumb__131935__base_thumbnail/Blogger%20mecht%20Uebstzalot.3687a1f6.jpg)
Eist Iessverhalen an den Impakt vun de soziale Medien
Plattforme wéi Instagram, TikTok a Co, hunn e groussen Afloss op eisen Alldag, awer wéi vill beaflosse se tatsächlech eis Iessgewunnechten? Ass dee ganzen Ernährungs-Social-media-Trend éischter positiv oder negativ ze bewäerten?
![Gesond Ernärung och mat engem klenge Budget](/1_Foto/100komma7.lu/130510/image-thumb__130510__base_thumbnail/Gem%C3%A9is.ffd3f564.jpg)
Gesond Ernärung och mat engem klenge Budget
Kaafe just wat ee brauch, esou spuert ee Geld an et gëtt näischt verbëtzt.
![Realistesch Ziler fir dat neit Joer](/1_Foto/100komma7.lu/128926/image-thumb__128926__base_thumbnail/Mandarinnen.2d48f286.jpg)
Realistesch Ziler fir dat neit Joer
Wéi kann ech mir realistesch Ziler am Kontext vun enger gesonder Ernärung setzen a wéi wichteg ass Flexibilitéit fir dës Ziler ze erreechen?
![Nutriscore | © kolonko Nurtri-Score - sinnvoll oder verwirrend? | © kolonko](/1_Foto/100komma7.lu/127108/image-thumb__127108__base_thumbnail/Nutriscore.17062c4a.jpg)
Nurtri-Score - sinnvoll oder verwirrend?
Der Nutri-Score ist ein System der Nährwertkennzeichnung, berechnet mittels eines Algorithmus, der dem Verbraucher eine Hilfestellung bei der Auswahl von Lebensmitteln geben soll. Wie sinnvoll ist dieser Score?
![Téi, e beléifte Gedrénks virun allem an de kale Wanterdeeg](/1_Foto/100komma7.lu/125563/image-thumb__125563__base_thumbnail/Bewosst%20Gesond.2fb667b4.jpg)
Téi, e beléifte Gedrénks virun allem an de kale Wanterdeeg
![Pâtisserie ouni Zocker](/1_Foto/100komma7.lu/120502/image-thumb__120502__base_thumbnail/Carole%20Goerend.2a2c94d1.jpg)
Pâtisserie ouni Zocker
Manner Zocker a virun allem Pâtisserie ouni Gluten- a Laktose: e reelle Besoin um Marché
![Ballaststoffe - weit mehr als nutzloser Ballast in der Ernährung](/1_Foto/100komma7.lu/120799/image-thumb__120799__base_thumbnail/Fiber.26f89b29.jpg)
Ballaststoffe - weit mehr als nutzloser Ballast in der Ernährung
Ballaststoffe können vom Menschen und seinen Enzymen nicht verarbeitet werden - wohl aber von seinen Darmbakterien - warum sind diese so wichtig für unsere Ernährung?¨
![D’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire](/1_Foto/100komma7.lu/118690/image-thumb__118690__base_thumbnail/K%C3%A9i.ab02a852.jpg)
D’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire
D’ALVA huet als Missioun d’Liewensmëttelsécherheet ze iwwerwachen, Kontrollen duerchzeféieren a këmmert sech ëm d’Déieregesondheet an d’Déierewuel.
![Lactofermentéiert Liewensmëttelen](/1_Foto/100komma7.lu/116401/image-thumb__116401__base_thumbnail/Sauerkraut.5f89dd57.jpg)
Lactofermentéiert Liewensmëttelen
Eng Beräicherung an der gesonder Ernärung
![Weltdiabeetes-Dag 2023](/1_Foto/100komma7.lu/114106/image-thumb__114106__base_thumbnail/Diabetes%20World%20Diabetes%20Day.87ede281.jpg)
Weltdiabeetes-Dag 2023
Kennt Äre Risiko, kennt Är Äntwert.
![Déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung](/1_Foto/100komma7.lu/109177/image-thumb__109177__base_thumbnail/Felix%20Wildsch%C3%BCtz.f244ed68.jpg)
Déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung
Administrativ Vereinfachung: Eng nei Verwaltung fir d’Iwwerwaachung vun der Liewensmëttelkette vum Bauerebetrib bis op den Teller vum Konsument.
![Akafsfalen am Supermarché](/1_Foto/100komma7.lu/62071/image-thumb__62071__base_thumbnail/St%C3%A9phanie%20Rosquin.b7426449.jpg)
Akafsfalen am Supermarché
Haut ginn et e puer Rotschléi, déi hëllefe sollen, méi effikass anzekafen an dobäi méi bëlleg an e gesonde Choix ze treffen.
![Déck Nëss, e klenge Plus am gesonden Iessen](/1_Foto/100komma7.lu/101554/image-thumb__101554__base_thumbnail/N%C3%ABss.3c13e8d0.jpg)
Déck Nëss, e klenge Plus am gesonden Iessen
D'Wierkung vun den Hackernëss op eis Gesondheet
![Torsten Bohn | © Jo Diseviscourt Sekundäre Pflanzenstoffe | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/94441/image-thumb__94441__base_thumbnail/Torsten%20Bohn.f495fdd9.jpg)
Sekundäre Pflanzenstoffe
Sekundäre Pflanzenstoffe - eine Wunderwaffe gesunder Ernährung - oder was versteckt sich dahinter?
![École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg](/1_Foto/100komma7.lu/60262/image-thumb__60262__base_thumbnail/Hotelschoul%20Direkter%20Michel%20Lanners.29fc4ff3.jpg)