Bewosst Gesond
D'Ouverture vun der École du Goût
8 min
![on the headlines](/legacy/images/12130/image-thumb__12130__base_thumbnail/Ecole%20du%20Gout.ac20cf1f.jpg)
Eng nei Schoul zu Lëtzebuerg. Haut (3.5.) ass d'Ouverture.
École du goût. Richen, fillen, kachen, schmaachen an iessen.
Iesse soll gesond sinn a gutt schmaachen. Iessen ass net nëmme liewenswichteg, mee huet och e sozialen Impakt a mécht eis frou. An awer huele mir eis net ëmmer déi richteg Zäit, fir eis Liewensmëttele bewosst auszewielen a fir ee gesonde Plat zouzebereeden a ganz bewosst ze genéissen? An och wësse mir net ëmmer, wou eis Liewensmëttel hierkommen?
Bei der École de Goût ginn et Äntwerten op all dës Froen. Si bidden interaktiv Schmaach-Atelieren a Workshoppe fir Kanner a jonk Erwuessener un, mam Zil d'Iessen erëm mat alle fënnef Sënner ze (er)liewen, d'Freed an de Virwëlz un de Liewensmëttelen ze fërderen an d'Identitéit mat der lokaler Iesskultur ze stäerken. A spezifesche Formatioune kréien d'Acteuren aus der Educatioun d'Méiglechkeet, méi iwwer d'Sënnes-Schoulung an hir praktesch Uwennung gewuer ze ginn, awer och sech selwer als Konsument weiderzebilden. Fir ee Bewosstsinn fir eng nohalteg Iesskultur ze schafe gëtt grousse Wäert op Zesummenaarbecht mat de regionale Produzenten an Profien aus der Liewensmëttel-Branche geluecht.
D'Angie Maquil war matten an den Ëmbauaarbechten op Branebuerg an huet sech tëschent Kachdëppen, Spullsteen an nach vill Gehummers vum Laurent Baulesch, Gestionnaire vum Projet an der Ernärungsberoderin Simone Dégardin, déi nei Schmaachschoul erkläre gelooss.
Gekoppelt un déi offiziell Ouverture (3.5.23) ass eng Schmaachwoch, ( 4.05-7.05.23) mat Aktivitéite fir Kanner an Erwuessener.
Episoden
![Iwwergewiicht verhënneren: op wat gëllt et opzepassen](/legacy/images/8497/image-thumb__8497__base_thumbnail/Illustratioun%20Vector%20Meedche%20mat%20Apel%20an%20T%C3%A4ertchen.91b2f0b8.jpg)
Iwwergewiicht verhënneren: op wat gëllt et opzepassen
De 4. Mäerz war de internationalen Dag vun der Obesitéit. Weltwäit sinn 800 Millioune Mënschen iwwergewiichteg.
![Liewensmëttel-Neophobie bei Kanner](/legacy/images/7579/image-thumb__7579__base_thumbnail/Kand%20Iessen.67fd7d4d.jpg)
Liewensmëttel-Neophobie bei Kanner
D'Angscht bei Kanner nei Liewesmëttelen ze entdecken oder ze schmaachen.
![Benevol als Dieteticienne - am Déngscht vun de Kanner a Südafrika](/legacy/images/7588/image-thumb__7588__base_thumbnail/S%C3%BCdafrika%20Stephanie%20Rosquin.a0a35f78.jpg)
Benevol als Dieteticienne - am Déngscht vun de Kanner a Südafrika
Diététique an engem südafrikaneschen Kannerhospiz (Lambano Hospiz)
![Ernärungs-Identitéiten am aktuelle Kontext](/legacy/images/6748/image-thumb__6748__base_thumbnail/Sven%20Majerus.386b610b.jpg)
Ernärungs-Identitéiten am aktuelle Kontext
Du bass, wat's de ëss!
![Leguminosen, nohalteg a gesond](/legacy/images/6640/image-thumb__6640__base_thumbnail/Food%20sources%20of%20plant%20based%20protein.2fec1b70.jpg)
Leguminosen, nohalteg a gesond
Lënsen, Kicherierbessen a Soja bis bei selwer gemaachte Mayonnaise mat Bounen an ouni Eeër, alles dat kënnt haut bei eis op den Dësch.
![Geschmaachsentwécklung bei klenge Kanner](/legacy/images/5680/image-thumb__5680__base_thumbnail/Kanner%20um%20Iessen_ANDL.11abf979.jpg)
Geschmaachsentwécklung bei klenge Kanner
Bis zwee Joer beim Kand ass de perfekten Zäitpunkt fir déi sensibel Geschmaachsentwécklung vun de Kanner ze fërderen.
![Reizdarmsyndrom](/legacy/images/4789/image-thumb__4789__base_thumbnail/St%C3%A9phanie%20Rosquin.8bb1c9cd.jpg)
Reizdarmsyndrom
Eng funktionell Verdauungskrankheet, weltwäit sinn tëschent 7-15 Prozent vun der Bevëlkerung betraff.
![Insekten a Larven als Liewensmëttel: Potential fir d'Zukunft?](/legacy/images/4828/image-thumb__4828__base_thumbnail/Heespr%C3%A9ngerkuch.b3d682bc.jpg)
Insekten a Larven als Liewensmëttel: Potential fir d'Zukunft?
Quellen un wichtegen Eewäissstoffer fir de Mënsch
![E Light-Produit ass kee Wonnermëttel](/legacy/images/3850/image-thumb__3850__base_thumbnail/Lis%20Muller.1a4bc38a.jpg)
E Light-Produit ass kee Wonnermëttel
Net well et light ass, kann ee méi iessen. Besser allgemeng manner Kalorien iessen.
![Ecole du Goût - Gutt Virsätz fir 2023](/legacy/images/3994/image-thumb__3994__base_thumbnail/Iessen%20akafen.d4805a0f.jpg)
Ecole du Goût - Gutt Virsätz fir 2023
Och mat scho wéineg ass vill ze erreechen a punkto nohalteg a gesond Akafen.
![Kanner méi fir d'Geméis begeeschteren](/legacy/images/5680/image-thumb__5680__base_thumbnail/Kanner%20um%20Iessen_ANDL.11abf979.jpg)
Kanner méi fir d'Geméis begeeschteren
Kanner sinn intuitiv an Erwuessener si kognitiv Éisser.
![Kaloriefalen iwwer d'Feierdeeg ëmgoen](/legacy/images/63637/image-thumb__63637__base_thumbnail/Kalorien.de0e7dcd.jpg)
Kaloriefalen iwwer d'Feierdeeg ëmgoen
D'Feierdeeg sti virun der Dier, an dat ka fir muncher een eng gesondheetlech Erausfuerderung ginn.
![Ultratransforméiert Liewesmëttelen](/legacy/images/62962/image-thumb__62962__base_thumbnail/Structure%20des%20aliments%20et%20effets%20nutritionnels.33ffc6cf.jpg)
Ultratransforméiert Liewesmëttelen
Gesond iessen heescht e gudden Equiliber vun Närstoffer ze hunn, mee et gëllt och d'Matrix vum Liewesmëttel ze berücksichtegen.
![Iessen, mat enger extra Portioun Genoss](/legacy/images/5680/image-thumb__5680__base_thumbnail/Kanner%20um%20Iessen_ANDL.11abf979.jpg)
Iessen, mat enger extra Portioun Genoss
Mat alle Sënner d'Iesse bewosst erliewen, fir esou eng Genoss-Kultur ze entwéckelen. Domat kann een ni fréi genuch ufänken.
![Gesond iessen och mat klengem Budget](/legacy/images/3994/image-thumb__3994__base_thumbnail/Iessen%20akafen.d4805a0f.jpg)
Gesond iessen och mat klengem Budget
Selwer kachen, Menüe plangen a Reschter verwäerten, esou kann ee vill Sue spueren
![Séiss Käschten oder Marounen, méi wéi e waarme Snack am Wanter](/legacy/images/84694/image-thumb__84694__base_thumbnail/K%C3%A4schten_ANDL.77d690d6.jpg)
Séiss Käschten oder Marounen, méi wéi e waarme Snack am Wanter
E Liewensbam mat ville wäertvolle Friichte fir eis Gesondheet
![Vitaminn D suergt fir gesond Schanken, an ass gutt fir d'Gemitt](/legacy/images/83812/image-thumb__83812__base_thumbnail/Vitamin%20D.40f3b733.jpg)
Vitaminn D suergt fir gesond Schanken, an ass gutt fir d'Gemitt
Mee wat mécht déi Vitaminn am Kierper, wou ass Vitaminn D an de Liewensmëttel? Wien soll Zousaz Vitaminnen huelen, soll een dat iwwerhaapt?
![Kuelenhydrater: Seegen oder Fluch?](/legacy/images/26255/image-thumb__26255__base_thumbnail/Makro-N%C3%A4hrstoffer.3f572671.jpg)
Kuelenhydrater: Seegen oder Fluch?
D'Kuelenydrater sinn ëmmer erëm e grousst Gespréichstheema. Brauche mir se iwwerhaapt? Wéi eng si gutt oder schlecht fir eis?
![Kabes: e wäertvollt regionaalt Wantergeméis](/legacy/images/83341/image-thumb__83341__base_thumbnail/Bortsch%20ukrainien.ffabdf5d.jpg)
Kabes: e wäertvollt regionaalt Wantergeméis
Sief et gréngen, rouden, wäissen, gekrauselten oder spatze Kabes, ouni Brockelcher, Brokkoli, a Kolrawen ze vergiessen, si besonnesch an der kaler Joreszäit beléifte Kabeszorten.
![Planzen-Alternative wéi Kokos-, Mandel-, Huewer- oder Soja-Drink](/legacy/images/82942/image-thumb__82942__base_thumbnail/Vegan%20M%C3%ABllech.76c6cb9c.jpg)