Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ "From leaf to root" - Uebst a Geméis ganz verwäerten!

"From leaf to root" - Uebst a Geméis ganz verwäerten!

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Laut dem WFP (World food programme) vun dee Vereenten Natiounen, ginn een Drëttel, vun de Liewensmëttel weltwäit verschwënnt wat net nëmmen um moraleschen, mee och um ekologesche Plang ee grousse Problem ass: onnëtzt Fläche gi kultivéiert, Waasser gëtt verbëtzt an CO2 Gasen, ausgestouss. All eenzele vun eis ka schonn duerch kleng Gewunnechten dozou bäidroen, fir d'Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren, z.B. an deem ee Blieder, Stiller, Schuelen a Kären, vun Uebst a Geméis net méi ewech gehäit mee och mat verschafft. Wéi dat praktesch ëmzesetzen ass erkläert d'Ernärungsberoderin Simone Dégardin, aus der Ecole du Goût.

E puer kleng Rotschléi vum Simone:

Käre vu Melounen oder Kürbis kënne gutt ofgewäsch ginn, gedréchent an dann am Schäffche bei 200 Grad geréischtert ginn bis se knuspreg sinn. Si kënnen als Topping fir Zaloten a Zoppe benotzt ginn oder einfach esou geknabbert ginn.

Frësch Geleefs vu Muerten, Réidercher, Kolrabi oder Brokkoli ofwäschen, ofdréchnen a mat Nëss, Ueleg, gerapptem Kéis, Salz a Peffer püréieren, a schonn ass eng aromatesch Zooss fir Nuddele prett. Et kann een och bëssen Natur Jugurt drënner mëschen.

Grad elo an der Spargelzäit, kann een e Bouillon aus Spargelreschter a Schuele kachen an dëse gëtt Zooss, Zoppen a Risottoen en delikaten Touch

Iwwerreschter wéi Äppelschuelen oder Rout Rommelschulen si gëeegent fir infuséiert Waasser. Déi propper Schuele mat Spruddelwaasser mixen a frësch Peffermënz an Zitroun dobäi ginn an eventuell mat e bëssen Hunneg séissen. 24 Stonnen zéie loossen, siften a gutt frësch genéissen.

Politik a Gesellschaft

Episoden

Iwwergewiicht verhënneren:  op wat gëllt et opzepassen

Iwwergewiicht verhënneren: op wat gëllt et opzepassen

De 4. Mäerz war de internationalen Dag vun der Obesitéit. Weltwäit sinn 800 Millioune Mënschen iwwergewiichteg.
headphones

11 min

play_arrow
Liewensmëttel-Neophobie bei Kanner

Liewensmëttel-Neophobie bei Kanner

D'Angscht bei Kanner nei Liewesmëttelen ze entdecken oder ze schmaachen.
headphones

8 min

play_arrow
Benevol als Dieteticienne - am Déngscht vun de Kanner a Südafrika

Benevol als Dieteticienne - am Déngscht vun de Kanner a Südafrika

Diététique an engem südafrikaneschen Kannerhospiz (Lambano Hospiz)
headphones

7 min

play_arrow
Ernärungs-Identitéiten am aktuelle Kontext

Ernärungs-Identitéiten am aktuelle Kontext

Du bass, wat's de ëss!
headphones

11 min

play_arrow
Leguminosen, nohalteg a gesond

Leguminosen, nohalteg a gesond

Lënsen, Kicherierbessen a Soja bis bei selwer gemaachte Mayonnaise mat Bounen an ouni Eeër, alles dat kënnt haut bei eis op den Dësch.
headphones

10 min

play_arrow
Geschmaachsentwécklung bei klenge Kanner

Geschmaachsentwécklung bei klenge Kanner

Bis zwee Joer beim Kand ass de perfekten Zäitpunkt fir déi sensibel Geschmaachsentwécklung vun de Kanner ze fërderen.
headphones

10 min

play_arrow
Reizdarmsyndrom

Reizdarmsyndrom

Eng funktionell Verdauungskrankheet, weltwäit sinn tëschent 7-15 Prozent vun der Bevëlkerung betraff.
headphones

6 min

play_arrow
Insekten a Larven als Liewensmëttel: Potential fir d'Zukunft?

Insekten a Larven als Liewensmëttel: Potential fir d'Zukunft?

Quellen un wichtegen Eewäissstoffer fir de Mënsch
headphones

10 min

play_arrow
E Light-Produit ass kee Wonnermëttel

E Light-Produit ass kee Wonnermëttel

Net well et light ass, kann ee méi iessen. Besser allgemeng manner Kalorien iessen.
headphones

11 min

play_arrow
Ecole du Goût - Gutt Virsätz fir 2023

Ecole du Goût - Gutt Virsätz fir 2023

Och mat scho wéineg ass vill ze erreechen a punkto nohalteg a gesond Akafen.
headphones

7 min

play_arrow
Kanner méi fir d'Geméis begeeschteren

Kanner méi fir d'Geméis begeeschteren

Kanner sinn intuitiv an Erwuessener si kognitiv Éisser.
headphones

7 min

play_arrow
Kaloriefalen iwwer d'Feierdeeg ëmgoen

Kaloriefalen iwwer d'Feierdeeg ëmgoen

D'Feierdeeg sti virun der Dier, an dat ka fir muncher een eng gesondheetlech Erausfuerderung ginn.
headphones

9 min

play_arrow
Ultratransforméiert Liewesmëttelen

Ultratransforméiert Liewesmëttelen

Gesond iessen heescht e gudden Equiliber vun Närstoffer ze hunn, mee et gëllt och d'Matrix vum Liewesmëttel ze berücksichtegen.
headphones

9 min

play_arrow
Iessen, mat enger extra Portioun Genoss

Iessen, mat enger extra Portioun Genoss

Mat alle Sënner d'Iesse bewosst erliewen, fir esou eng Genoss-Kultur ze entwéckelen. Domat kann een ni fréi genuch ufänken.
headphones

5 min

play_arrow
Gesond iessen och mat klengem Budget

Gesond iessen och mat klengem Budget

Selwer kachen, Menüe plangen a Reschter verwäerten, esou kann ee vill Sue spueren
headphones

8 min

play_arrow
Séiss Käschten oder Marounen, méi wéi e waarme Snack am Wanter

Séiss Käschten oder Marounen, méi wéi e waarme Snack am Wanter

E Liewensbam mat ville wäertvolle Friichte fir eis Gesondheet
headphones

13 min

play_arrow
Vitaminn D suergt fir gesond Schanken, an ass gutt fir d'Gemitt

Vitaminn D suergt fir gesond Schanken, an ass gutt fir d'Gemitt

Mee wat mécht déi Vitaminn am Kierper, wou ass Vitaminn D an de Liewensmëttel? Wien soll Zousaz Vitaminnen huelen, soll een dat iwwerhaapt?
headphones

8 min

play_arrow
Kuelenhydrater: Seegen oder Fluch?

Kuelenhydrater: Seegen oder Fluch?

D'Kuelenydrater sinn ëmmer erëm e grousst Gespréichstheema. Brauche mir se iwwerhaapt? Wéi eng si gutt oder schlecht fir eis?
headphones

8 min

play_arrow
Kabes: e wäertvollt regionaalt Wantergeméis

Kabes: e wäertvollt regionaalt Wantergeméis

Sief et gréngen, rouden, wäissen, gekrauselten oder spatze Kabes, ouni Brockelcher, Brokkoli, a Kolrawen ze vergiessen, si besonnesch an der kaler Joreszäit beléifte Kabeszorten.
headphones

17 min

play_arrow
Planzen-Alternative wéi Kokos-, Mandel-, Huewer-  oder Soja-Drink

Planzen-Alternative wéi Kokos-, Mandel-, Huewer- oder Soja-Drink

Si schounen d'Ëmwelt a sinn gutt verdaulech awer d'Qualitéit vun den Inhaltsstoffer an d'Närwäerter sinn net ëmmer optimal.
headphones

12 min

play_arrow