Wat gëtt et dëst Joer am Blues'n Jazz Rallye am Gronn den 21. Juli 2018 ze lauschteren? De Manuel Ribeiro huet e Gespréich mat de Verantwortlechen vum LCTO (Luxembourg Tourist Office) gefouert.
D'Tia Fuller ass a ville Museksberäicher ze fannen. Esou zum Beispill war si laang mat der Pop-Star Beyoncé op der Bühn, mam Saxophon. D'Professorin aus dem Berklee College of Music ass awer virun allem eng fulminant Komponistin an Jazzsaxophonistin. "Diamond Cut", erauskomm beim Label Mack Avenue, ass hire 4. Studioalbum. De Manuel Ribeiro stellt dësen Disk vir.