D'Bossa Nova ass ee Liewensgefill a gëtt engem direkt Loscht, bei enger killer Lëftchen trotz waarme Wieder ënner der Sonn vu Rio de Janeiro ze sëtzen. De Stil entwéckelt sech vun 1958 un ëm d'Galleounsfiguren Antonio Carlos "Tom" Jobim an dem Joao Gilberto. Duerch e Concert an der Carnegie Hall 1962 an en enorm erfollegräichen Album (Getz/Gilberto) am Joer 1964 gëtt de Stil international bekannt an onstierflech. Vill vun de Kompositiounen huet een op d'mannst schonn eemol am Liewen héieren, an déi lyresch Melodien, den zaarte Gesang, de perkussionisteschen Understatement an de subtil verankerte Bass ginn engem einfach ee gutt Gefill. Mir lauschtere mam Pol Belardi an de Genre an a seng Incontournabelen eran.
arrow_back_ios
Blue Note
Bossa Nova an Jazz
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow