De Pol Belardi raumt mam Virurteel op, datt Jazz nëmme Genuddels, komplizéiert, seriö Musek, oder traureg-bluesesche Repertoire ass. Net nëmme Musek fir Museker, mee fir jiddwereen ee Genoss! Mat dëser Selektioun sidd Dir op der gewonnener Säit, wann Dir Iech wëllt eppes Guddes doen! Positiven Jazz, angeneem Kläng, an dobäi wäitaus net oninteressant. Eng Säit vum Jazz, déi Jo zum Liewe seet, an ob an der Bidden, am Kabrio oder op der Party fir gutt Laun suergt. Ob Fats Waller oder Snarky Puppy, hei kommen all d'Frënn vu gudder Musek op hir Käschten.
arrow_back_ios
Blue Note
Feel Good Jazz
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow