Eng Symbios tëschent zwou Konschtforme zanter den 1930er Joren. No ufanks éischter Accesoire-hafter-Benotzung fir Interluden a komesch Zeenen iwwer Zeechentrick-Musek an éischt Documentairen, iwwer de geschichtlechen Aspekt vum Jazz bis zu enger vollwäerteg kënschtlerescher Notzung als Soundtrack:
De Pol Belardi retracéiert déi wichtegst Etappen a Beispiller vun der Benotzung vun dëser Musek am Kino an doriwwer eraus. Mat Incontournabele wéi "Ascenseur pour l'Echafaud" vum Miles Davis, awer och där eng oder anerer Iwwerraschung.