De Mateus Wojda ass nach e jonkt Gesiicht an der Lëtzebuerger Musekszeen, dat een op ville verschiddene Büne gesäit. Am Interview erzielt hien, wéi hien iwwer eng geschenkte Gittar fir Chrëschtdag op de Goût vu System of a Down koum, mat All the Way Down seng éischt Band gegrënnt huet an nieft dem Hip-Hop zu Amsterdam och den Jazz kennegeléiert huet.
Dat an nach vill Tëschenetappe gëtt et net zulescht iwwer d'Rubrik Countdouwn ze entdecken.
Doriwwer ewech presentéiert de "Maddy" mat sengem Quintett Linq en éischten Jazz-Projet, deen am Mee am Gudde Wëllen Première hat a geschwë fir weider Concerten ze gesinn ass.
Presentéiert vum Pol Belardi.