1922: Den Jazz as knapps aus New Orleans eraus an an di grouss Stied geplënnert. Eng Rëtsch illuster Musiker erblécken d'Liicht vun der Welt. Mär huelen der 8 Stéck an d'Viséier, déi, obwuel se nemmi bei eis sin, eng wichteg Mark an der Jazzlandschaft hannerlooss hun. Eddie "Lockjaw" Davis, Charles Mingus, Oscar Pettiford, Toots Thielemans...fir der nemmen e Grapp voll ze nennen. D'Musiker si mol méi, mol manner al gin, mee si haten all hiere Sound an eng Geschicht ze erzielen. Mär entdecken des illuster Perséinlechkeeten souwéi hiere musikaleschen Univers. Présentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi
arrow_back_ios
Blue Note
100 Joer-Feier
headphones
34 min
Lauschteren
play_arrow